Retour

Hippert Lee

d'Schlass aus Glas

D Schlass aus Glas

 

-Wat lo grad nach mäi ganzt Gléck war, ass elo nëmmen nach ee Koup Schierbelen.

 

Ween am Glashaus setzt, de geheit besser net mat Steng. Sou seet een, mee wei ass et da fir dee, dee am Glasschlass setzt? Majo, dee geheit besser genau sou wéineg mat Steng!

 

Bon, hätt de Bouf bëssen eppes an der Bëlz, da géing en jo einfach d´Fënster opmaachen. Dann kéint hie esou vill Steng geheien, bis en ëmfält.

A firwat sollt een eigentlech wëlle mat Steng geheien? Lo gëtt et awer Zäit! D´ass jo net méi Steenzäit!

 

Ech géing mir éischter Suerge maachen, dat all Idiot mir nokucke ka wann ech ënnert der Dusch stinn. E Schlass aus Glas, alles schéin a gutt um Pabeier. Steet dat ganzt bis eng kéier um Buedem ass dat eng ganz aner Geschicht.

Dann heescht et Virsiicht. Virsiicht a Virsiicht. Éischtens sief Virsiichteg, léisst du eppes falen, kann et gutt sinn dass de Buedem a sech fält. Virsiicht awer och vun deem wat muer nach kennt. Sécher ass een a senge véier Mauere sécher. Net sécher ass awer wie laang d´véier Maueren halen, an iwwerstoen se muer net, dann ass ee sécher net méi sécher ouni seng véier Maueren. Also ëmmer preparéiert si fir wat nach kennt.Wat nach kennt, ass awer nach net do. An wat do ass dat kennt net méi. Also loosse mer muer mol op der Säit a wat Gester war ass schnell rëm vergees.

 

Do setzen ech dunn elo a mengem Schlass aus Glas a kucken a rou meng Tele. Zesumme mat den dréi Foussgänger, där hir Blécker sech a meng Wunneng verlaf hunn an elo vun dobaussen aus mat mir de Journal kucken.

Schrecklech wat si do zielen, do géing ech och stoe bleiwen a kucken op ech mech net verhéieren hunn. Gelle Fra wier nämlech guer net aus Gold. Schonn nees huet een een ze vill gehumpt an duerno säin Auto geknuppt. De Jang an de Jempi kruten sech an d’Hoer. Nee! Dat ass dach net ze gleewen, schrecklech wat se do zielen.

 

Wat ass hautzedaags da nëmme mat der Welt lass. D’leit behuelen sech wei Deieren. Ze vill Fresch ze wéineg Leif. Freier, fréier do war dat net esou. Also net fréier, fréier. Dat mir net méi an der Stengzeit sinn, dat hunn mir jo scho gekläert. Anescht wie bei der Katz, si mir eis Busten do lass, wou si der huet. Och net am 18ten, als Lavoisier sot « Rien ne se perd », dunn awer säi Kap verluer huet. Dat onst schéint Lëtzebuerg eréischt zënter 1835 als eegestännegt Land erkläert gouf, loosse mer mol op der Séit. Freier eben, am zwanzegstem Joerhonnert, fréier! Also nodeems di ganz Welt gläich zwee mol hannereneen an engem Krich verwéckelt war an de Preis mat der Schubbkar bei de Bäcker gaangen ass. Freier eben. 19-honnert am Bulli als de Bop an de Pap an der Epicerie mat Fënnef Frang de hallwe Buttek konnten akafen. Dei gutt al Zäiten! Bis dunn de béisen Euro komm ass. Respektiv bis Kameraen erfonnt goufen. Et muss een awer soen, D´Neizäit huet net nëmme Schlechtes bruecht. Schliisslech gehéiert zou enger moderner Gesellschaft och d´Demokratie. Dat héchste Gutt mat deem d´Mënschen opkomm sinn. Dat Politik hei an do mol eppes ofkuckt, dat huet eise Premier och scho bestätegt. Sou ass et och mat eiser wonnerschéiner Demokratie déi mir vun de Griiche ofgekuckt hunn. Dei al Griichen, déi nei denge jo näischt méi. Natierlech gouf do an hei eppes geännert datt dat net esou opfält. Mir wëssen et besser!

 

Wei et sech an enger Demokratie esou lieft? Ma genee wei et sech an engem Glasschlass lieft.

Wei et sech an engem Schlass aus Glas sou lieft? Ma net ganz aneschtes wie soss enzwousch. Et kritt ee jo sou oder sou op d’Fangere gekuckt. Da kennen se mer grad geneesou och nokucke wann ech mäi Geschäft verriichten. E puer Schrauwe locker, e puer Rëss. Schliisslech muss d´Sonn jo och e Wee hunn fir kennen eran ze luussen. Geet eppes futti, majo da bleift et futti. Bei wiem soll een sech beschwéieren, dee deem Buttek hei gehéiert dee wiesselt all puer Joer!

Den Noper den Här Bordeaux dee puer Haiser weider wunnt, huet dat wuel nach net verstanen, an geet all puer Wochen op d´Strooss mat engem Schëld wou drop steet:

Et ass är Schold dat mäi Haus-Croissant elo Concave ass an net méi Convexe.

Vill erreecht huet en domadder zwar nach net, bis op de Loyer all kéiers méi deier gëtt. Do ass wuel alles am Thema vun der “Croissance”. Ma op d´mannst muss en déi Deeg net schaffen goen. Bon, et soll ee jo virun der eegener Dier kieren, also kommen mer erëm zeréck op mäi wonnerschéint Doheem.

 

Am Glasschlass ass et propper, wei geleckt, also natierlech Nodeems ech gebotzt hunn. Wann ech dat mol e puer Wochen net mann, sammelt sech esou vill Dreck an mat all deene Saachen déi do leien, vergësst een dunn schnell datt dat ganzt aus Glas ass. Leschte kéier do hunn ech am fënnefte Stack aus Roserei mäin Telefon op de Buedem geheit a konnt en am Keller rëm siche goen. säit deem weess ech iwwerhaapt dat ech ee Keller hunn. Ass dat dann nach ze gleewen!?

Wat alles an dem Keller läit, doriwwer well ech léiwer net schwätzen. Et wier elo normal sech d´Fro ze stellen, op sou e Schlass aus Glas iwwerhaapt praktesch ass. Dorops kanns ech nëmme soen, et ass besser ewéi dem Noper säint. Hien, lieft nämlech am Kaartenhaus. No all Stuerm muss de Aarme säin Haus rëm nei bauen. Mee ëmmer nach besser ewéi dem Pantomime säin Haus. Wei et bei him ausgesäit, muss een sech scho virstellen. Ëmmer rëm, rennt him do een an d´Fassad.

 

Du setzen ech do an drénke mäi Kaffi. Ee rouege Sonndegmueren un dem d´Sonn schéint an d´Villercher sangen. Meng Blécker verléieren sech am käschtebrongem Bounengeseff. Den Damp klemmt engem d´Nues erop, begleet vun engem liicht verbrannten, nossegem Geroch. Et ass mer als géing de Kaffi mir riicht an d´Séil kucken. Als wiere mir laang Bekannter oder als ob mir eis grad begéint wieren an elo ewéi besiess ee vum anere sinn oder, oder als wier ech een Dabo dee Lächer a d´Luucht kuckt. Mee dat ass mir egal, mäi Kaffi an ech hunn grad eise Moment.

 

Du schellt et op eemol un der Dier. Et ass den Här Paschtouer . Hier priedegt ëmmer rëm gäre vun Dier zou Dier zënter dat seng Mass Sonndes eidel bleift. Do zielt en mir deen do uewen hätt Streit mat deem do ënnen an dat wann mir eis net behuelen, mir erof géinge kommen. An ech äntweren him dat wann dëst sou ass, dee vun do ënne schoun längst gewonnen hätt well mir setzen hei ënne mat den Ënnen a kennen nëmmen dreeme wat et do uewen alles sou gëtt.

Du gëtt hie rosen a behaapt dat wier Blasphemie an dat leit wei ech Schold dru sinn, dat kee méi wielt an de Himmel. Dobäi seet en et wier fir mäi bescht. Dat soen se ëmmer! An duerno ass een awer selwer Schold!

„Wëllst du dann net frou si wanns de stierfs?“ Freet e mech.

„Ech well frou liewen“, äntweren ech. „Mäi Glasschlass  ass mäi ganzt Gléck!“

Nodeems hie behaapt huet dat es sou eppes wie Gléck am liewen net gëtt an ech „Himmel Härgott“ brëllen ass den Zodi lass. De Paschtouer hellt dat ganz schlecht op a geet sech eng Zil eriwwer am Chef Chantier sengem Terrain sichen. Ruck-Zuck fënnt en säi Wee nees zeréck a geheit déi Zil géint mäin Schlass. Et soll ee jo am Moment liewen, dee Moment hei, géing een awer léiwer net erliewen. Wie ee Faass an dat eng Drëps ze vill kritt, leeft alles iwwer mat Glas. Mat engem schreckleche Kaméidi, fält de ganze Buttek an sech zesummen.

 

-Wat lo grad nach mäi ganzt Gléck war, ass elo nëmmen nach ee Koup Schierbelen.

 

Bei deem ganzem Gedeessems ass dem Noper säi Kaartenhaus gläich mat agestierzt.

Lo ass deen och nach hei baussen an iergert sech. Looss déi zwee Maulieselen sech dach d´Käpp aschloen. Se sinn alen zwee esou gescheit wei e Koup Kräsi! Ech setzen hei an engem Koup Schierbelen... Stéck fir Stéck hiewen ech se rëm op a setzen se nei zesummen. An aus de Schierbele gëtt mäi Mosaik aus Gléck. An éier een sech verkuckt, setzen ech erëm a mengem Schlass aus Glas. Firwat? Ma well et schéin ass an ech et kann.




Envoyé: 16:35 Sun, 12 March 2023 par: Hippert Lee