Esch 2022
Esch 2022

De Prix Laurence

De Prix Laurence ass en zentraalt Element vum LiteraTour-Festival, organiséiert vun der Gemeng Beetebuerg. Seid senger Grënnung am Joer 2015 hunn 446 Auteure mat 801 Texter beim Prix Laurence matgemaach. 

Am Kader vun « Esch2022 » an dem LiteraTour-Festival invitéiert d’Gemeng Beetebuerg all jonk Auteuren aus der Groussregioun, Kaunas (Litauen), der Kultur-Partnerstad vun Esch2022, an d’Partnerstied vun der Gemeng Beetebuerg, Valpaços (Portugal) a Flaibano (Italien) bei dëser europäescher Editioun matzemaachen.

D’Auteuren kënnen hier bis elo onverëffentlecht Texter a 7 Sproochen erareechen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch, Litauesch, Portugisesch an Italienesch bis den 31. Oktober 2021 an zwou Alterskategorien : 12-17 an 18-26 Joer.

Sou wéi bei den viregten Editiounen ass all Thema wëllkomm, der Fantasie gi keng Grenze gesat an all Genre vu Literatur ass erwënscht: Prosa, Poesie, Theater, Lidder, Rap...

Well dës 7. Editioun am Kader vun Esch2022 ofgehale gëtt sinn déi jonk Auteuren invitéiert, ronderëm d’Visioun vun Esch 2022 ze schreiwen, iwwer den europäesche Gedanken, Remix Europe, Remix Yourself an d’Digitalisatioun: Let's push the limits of what is possible, let's celebrate our differences to use them as pillars for a common future.

Eng lokal Jury a Litauen, Portugal an Italien mécht eng Préselectioun an këmmert sech em d’Iwwersetzung vun den Texter an déi franséisch oder englesch Sprooch an schéckt dann d’Texter un d’Jury zu Lëtzebuerg, déi d’Finalisten eraussicht.

All Finalisten am Alter vun 18 bis 26 Joer liesen dann hier Texter live bei der grousser Finale zu Beetebuerg viru Publikum an Jury Sonndes, den 24. Abrëll 2022.

Dann huelen d’Finalisten bei enger Auteursresidenz vu 5 Deeg zu Beetebuerg deel, wou Workshops, kreativ Atelieren, touristesch Tier an Echangen um Programm stinn.

D’ Texter vun alle Finalisten an Laureaten ginn an der 2022 Editioun vun der Prix Laurence Anthologie  verëffentlecht.