Am Kader vum
LiteraTour-Festival hat d'Gemeng Beetebuerg all jonk Auteuren vu 12 bis 26 Joer invitéiert,
bei där 8. Editioun vun hierem grousse Jugend-Literatur-Präis matzemaachen.
Wéi an der Vergaangenheet war och dës Editioun e grousse Succès!
Et hunn 123 Auteuren mat 188 Texter aus Lëtzebuerg, der Grouss-Regioun, Litauen, Portugal an Italien matgemaach.
Villmools Merci fir hir Participatioun!
D'Finalisten ginn Ufank Abrëll 2023 annoncéiert.
Si gi vun de Juryen aus Kaunas (Litauen), Valpaços (Portugal), Flaibano (Italien) an aus Lëtzebuerg erausgewielt.
Déi grouss Finalle mat de Live-Liesungen sinn zu Beetebuerg:
samsdes, den 22. Abrëll 2023 fir d'Alterskategorie 12-17 Joer
sonndes, den 23. Abrëll 2023 fir d'Alterskategorie 18-26 Joer
um 11.00 Auer am Café littéraire (Maison des Jeunes et de la Culture)
37, route d'Esch
L-3230 Beetebuerg
D'Texter vun de Finalisten a Laureaten ginn dono an enger
Anthologie publizéiert.