Retour

Czerwinski Michel

Thrillogie d’amour



Dës dräi Gedichter weisen, wéi mech meng Gefiller no der Trennung vu menger Frëndin « gethrillt », also opgewullt an duerchgerëselt hunn.

 

Deel 1: Februar 2017

Säit gëschter sinn ech op Entzuch.
Jo. Meng Frëndin huet es mat mir genuch.
Frëndin trëfft lo net méi wierklech zou,
Well schliisslech hätt hatt gär seng Rou.

Iwwer Joren war hatt u menger Säit,
Mol ab und zu ee klenge Sträit.
Fir mech näischt Grousses, 't gouf driwwer geschwat.
Zum Schluss vu mir falsch ageschat.

Oh freck, wat deet dat wéi!
Mäin Häerz dat blutt, meng Bake si réi.
Elo ee Liewen ouni hatt ?
Ass wéi fir een Alki ouni säi Patt.

Hat ech am Liewen jee sou ee Pech?
Hëllef, mir bleift d’Loft ewech !
Ee Mann, dee weist keng Schwächt?
Dach, gleeft mer, dat hei gëtt mir de Rescht!

Zidderen, kräischen, jäizen, mäi Kapp fënnt keng Rou.
Dat gehéiert wuel, sou soen se mer, dozou.
Si, d'Kollegen, waren déi lescht Joren op Plaz Zwee,
Elo brauch ech si, si wëssen et genee.


Deel 2: Mäerz 2017

No 5 Joer ass dat d’Quittung?
D’Liewen fiert mat mir grad Schlittschung.

Fir wat waren Hëllef, Trouscht a Laache gutt?
Wann s du mir lo hëls dee leschte Mutt.

Wou ass de Merci? De schéine Réckbléck?
Sendepaus total? Ech wëll mäi Gléck zréck!

Kanns du mir net einfach soen,
dass mir eis lo nees verdroen?

A mir ze erkläre ginn,
dass mir eis gläich nees verstinn.


Deel 3: Abrëll 2017 / haut

Vun haut un sinn ech, so’n ech iech,
Och endlech nees iwwert de Bierg.

Géi Weeër sinn ech ropgeklommen,
An hu bezuelt grouss Zommen,

Fir haut nees een Ausbléck ze hunn,
Dee méi wäit geet wéi meng Schung.

Ech gesinn Himmel, Wise, Blummen.
Wéi ee Puzzle passt rëm alles zesummen.

Elo heescht et séier rof,
Well ënnen waarden nei trei Schof.
 




Envoyé: 15:13 Fri, 17 March 2017 par: Czerwinski Michel