Retour

Kintzinger Alexandre

21. Joerhonnert: alles just Technik? Wou ass den Sënn?



Déi läscht aus enger aler Zäit, grouss gi nom Millenium. Eng "lost generation" ? – wei Gertrude Stein den Hemingway a Konsorten bezeechent huet.  Wat eng Umoossung dat ze behaapten!

Mir sinn Generatioun Facebook, Instagram a co – mir kommen bäi wäiten net un déi Generatioun erun, si woen séilesch Wracken, mee mir sinn ënnerlech guer näischt,

kee Verglach mat hinnen well ons deet näischt méi wéi,

fir iwwerhaapt ënnerlech kapott ze sinn brauch een mol eng Séil.

 

Dat ass den Ënnerscheed den et aus meescht, déi nei Zäit. Déi Sozial Medien, een neien Panopticon, mir sinn Gefaangenen a Wiechter an enger Persoun.  Homo homini lupus. Eng Zensur fir dem Mënsch seng Eenzegaartegkeet.

Ons Depressioun kennt net just duerch Ëmstänn déi ons ënnerlech bedrécken, si kennt och duerch Ëmstänn di eis vun baussen erdrécken, déi mer ons selwer op gezwongen hunn.

Ech sinn dat wat ech well vir gi ze sinn, net dat wat ech mer wënschen ze sinn.

 

Technik, ëmmer erëm bréng se neie Fortschrëtt fir Zukunft, mee keng nei Gedanken, déi Grenz ass areecht, alles wat een Mënsch sech virstellen konnt gouf schonn mol presentéiert,

alles iwwert wat hien nodenken kann, gouf schonn emol geduecht.

Eis Perséinlechkeeten woen alleguer schonn eng kéier do, goufen all schonn eng kéier gebuer an sinn och all schonn eng kéier gestuerwen.

 

Technik bréngt ons Neies, bréngt ons kënstlech Intelligenz, mer si bréngt ons keen neien Mënsch.

 Mir erfannen ons net méi nei, mir erfannen just ëmmer eng nei Kopie.

Dat ass den Kreeslaf, deen fir munch een en Däiwelskrees ass, Technik ännert just dat materiellt Ëmfeld, mee den Prozess dat ze sinn wat mer sinn sollen, ass déi nei Uerdnung, Geschicht ass dout mee awer och keen Ziel a Siicht.

 

Den neien Gëscht ass just do fir sech selwer ze erhalen, duerch den techneschen Fortschrëtt eiser Existenz nach een Sënn ze ginn, 

dofir hunn mer Gott ersat duerch eng Maschinn, mir kucken nach ëmmer zu den Stären, mee interesséieren eis net méi dofir wat mer gesinn.

 

Natur ass net méi Mam vun der Zäit, mir beweegen eis just nach mat Vollgas, et geet ëmmer weider no vir,

ech froen mech woe et dat alles Wäert, mir denken just nach mam Kapp a vergiessen dobäi d’Häerz. 

Wann alles Digital gëtt, wann eis Méiglechkeeten der ëmmer méi gi, wat definéiert dann nach mäin Wiesen?

Ons Angscht virun enger ongenotzter Existenz fesselt eisen Gëscht. A wien dauernd Angscht huet, ass ni wierklech fräi.

 

Mee firwat maachen ech all déi onnëtzt Iwwerleeungen hei, just fir mech selwer bëssen Intellektuell ze fillen, 

mee dat ass dat Tragikomesch un eiser Generatioun, ons Liewen op dëser Platz vu der Welt ass dach gutt a privilegéiert, 

ni ass ons bis elo wierklech vill Leed widderfuer an dach fillen sech eng Rei vun ons op éiweg verluer.

 




Envoyé: 16:24 Fri, 8 May 2020 par: Kintzinger Alexandre