Retour

Schreiner Anouk

Den ënnerstrachenen Dag am Kalenner



Ech hunn eng grouss Schnëss

Eng vill ze grouss Schnëss

Mee wann et wichteg gewierscht wier

Hunn ech se net opgerappt

 

E Radar dofir hat ech nach ni

Ech si méi de Genre blanne Fësch

Mee ech wosst et nach ëmmer

Wat ech sinn

Wat s du bass

Obwuel mer ’t ni ausgeschwat hunn

 

Ech wosst et nach ëmmer

Mee ech wosst et net besser

An alles wat mer nach ze soe bleift ass

Et deet mer leed

 

Et deet mer leed

datt ech net do war

An datt ech näischt gesot hunn

Wéi ech hätt sollten

Wéi ech hätt missen

 

Well obwuel all Mënsch et besser weess

An et och besser wëll

Wann ech net op d‘ Barrikade ginn

Steet och soss keen op

 

Ech wosst nach ëmmer

Datt ech net alleng sinn

Mee ech wosst et net besser

War iwwerzeegt datt ech et ignoréire kéint

Ech konnt schliesslech domatt liewen

 

Ech hat just net un dech geduecht

An datt s du dat net konns

 

Ech sinn am Feeler

An ech sinn net am Feeler

Ech maache mer d‘ Virwërf

Du muss lo guer net probéiren mer se auszerieden

Ech gesi mech selwer an der Schold

An domatt muss ech einfach léire liewen

 

Ech sinn am Feeler

Obwuel ech eigentlech net am Feeler sinn

Et war net meng Verantwortung

Well obwuel ech selbstbewosst do stung

Lung ech eigentlech och um Buedem

 

All Dag sou Saachen ze héiren

Mécht eppes mat der

 

Ech weess ech hätt missen

Mee obwuel ech et sou wollt

Hunn ech mer all Kéier op d’ Zong gebass

D’ Wierder sinn einfach am Hals stieche bliwwen

Well och wann ech ‘t mer net agestoe wollt

Ech hat Angscht

 

An alles wat ech ëmmer rëm widderhuele kann ass

Et deet mer leed

Et deet mer leed datt s du dat hues missen héiren

Wat ech hu missen héiren

Ech hat keng Ahnung

Wéi vill méi schlëmm ‘t nach fir dech wier

 

An et ass mir egal wat dir sot,

Mee är Sprooch ass Gëft

Schwul Sau

Deet scho wéi wann s de lesbësch bass

Mee wéi fillt et sech da réicht u wann s de ‘t bass?

 

Ech hätt hinne misse soen

Datt si hiert Maul hale sollen

Datt si einfach hiert Maul hale sollen

Et deet mer sou leed

Datt ech dat ni hunn

 

Ech hätt missen

Well wa mech all déi Joren eppes geléiert hunn

Dann erwaart net datt irgendeen vun ausserhalb hëlleft

Hoff net op de solidareschen Hetero

Dee kënnt net fir eis

 

Ech hätt missen

Well schliesslech sinn ech d‘ Lesb

A mäi Kräiz ass manner schwéier wéi däint

Ech soen net datt et a menger Plaz einfach ass

Mee et ass net grad sou schlëmm

 

Ech krut deemols mat enger Kurrel an de Kapp gedréit

Du häss se scho laang dran

 

An et ass sou onfair

Well d‘ Scholdgefiller zermierbe mech

Obwuel se iech zermierbe missten

 

Et war net u mir

Och wann ech mir dat déi ganzen Zäit arieden

War et net u mir

 

Wéi hätt ech da staark si sollen

Wann ech mol mat mir selwer eens ginn hu missen?

Wéi hätt ech da sollten fir anerer antrieden

Wann ech selwer Hëllef gebraucht hätt?

Wéi hätt ech sollte géint Homophobie ugoen

Wann ech selwer Affer war?

 

An et ass sou onfair

Well et sidd net dir déi lo leid

Et sidd net dir

Déi lo vu Selbsthaass zerfriess sidd

An déi Zeilen voller Scholdgefiller hei néierschreift

Obwuel et dir misst sinn

 

An alles wat mer ze soe bleift ass

Et deet mer leed

 

Ech weess dat ass net dat wat s du héire wëlls

Dat ass net dat wat s du héire brauchs

Fir dech ass dat alles keng sou eng grouss Saach

Mee dat ass dat

Wat ech lass gi wëll

 

Wéi ech héire hunn wat s du ze erzielen haass

Op dem Dag deen ech am Kalenner ënnerstrach hat

Koume keng Tréine méi

Mee just nach d‘ Fro

Wéi konnt ech et sou wäit komme lossen

 

Ech krut deemols mat der Kurrel an de Kapp gedréit

Du hues se scho laang dran

 

An deen Owend hunn ech eng Decisioun geholl

Ech war net ëmmer do

An dat deet mer leed

Et deet mer wierklech leed

Mee lo sinn ech do

An ech wäert net méi goen

Ech sinn net méi alleng mat Anescht-Sinn

An du net méi mat denge Gedanken

Mir sinn net méi alleng


 




Envoyé: 21:51 Mon, 16 March 2020 par: Schreiner Anouk