Retour

Spedener Florence

Hannert der Fënster



Hannert der Fënster

Dag 1

De Fleck, d’Goldy an ech si well säit ech denke kann zesumme gewiescht. Mäin Numm ass Candy mee ech ginn och dacks mam Spëtznumm: “De-Rouden-léisst-sech-nek-fänken” geruff. Ech lauschteren usech ob kee vun deenen zwee Nimm. Sou als Goldfësch hues de dat net néideg. Haut si mir dräi fir d’éischte Kéier eemol getrennt ginn. Ech hu grouss Ae gemaach wou ob eemol de Fleck aus dem Waasser erausgehuewe gouf. Alles ganz lues, wéi am Zäirtraffer. D’Goldy ass sou séier ronderëm mech geschwommen, mir dréint sech elo nach alles. Wou hatt och bis aus dem Waasser war, war et erëm méi roueg. Do war souguer nach e bëssen eppes z iesse wat d’Goldy iwwereg gelooss hat. Meng Chance. An och dem Netz seng. Zack war ech eraus aus mengem Doheem. Mäin eenzege Gedanken: Ech hat déi Grimmel Fudder net kritt!

Dag 3

De Fleck, d’Goldy an ech schwammen eisen Tours an ech sinn ëmmer erëm iwwerrascht wat et alles ze kucke gëtt an eisem neien Doheem. Planzen, déi ee këddelen, wann een derlaanscht schwëmmt, helle Sand um Buedem a lauter Blosen aus enger schwaarzer Këscht uewe rieds. Et gëtt souguer eng Plaz, ee versonkend Schëff, fir sech ze verstoppe wann ee Schied sech eemol iwwert Luucht leet. Schied heescht Fudder. Et ass net schlecht am neien Doheem. Mir hu souguer eng éischtklasseg Vue ob Leit. Et sinn zwar ëmmer déi selwecht véier wéi ech feststelle mee bon et kann een sech seng Gesellschaft och net wierklech eraussiche wann een an engem Glasdëppche sëtzt. De Fleck an d’Goldy maachen sech kee Kapp iwwert eise Kino virun der Fënster. Si schwamme mat mir, eisen Tours an ech ... Ohmei hunn ech iech well vun dem Schëff gezielt? Do kann een sech verstoppe wann de Schied kennt. Ah, pardon, ech widderhuele mech.

Dag 9

Heiansto mengen ech hunn ech eppes mat mengem Kapp. Ech hunn ëmmer eng nei Iddi. Mir geet et awer nëmmen eleng sou, dowéinst och meng Verwonnerung iwwert meng Gedanken. D’Goldy ass voller Freed. Et huet grad d’Planze fir sech entdeckt a schwëmmt begeeschtert am Krees. Ech soen em léiwer net, datt et e bësse kannerech ass. Soss motzt et erëm. De Fleck ass méi roueg a schwëmmt gemittlech säin Tierchen. Am Géigesaz zu deenen aneren hunn ech haut eng Missioun. Ech well wësse wat um Grond ass, ënnert all deem Sand. Wat wäert ech do fannen? Ee Sandkär nom aneren huelen ech ewech. Et spruddelt iwwert mir, Goldy rauscht u mir laanscht a mäi Lach gëtt erëm zougeschëppt. Meng haart Aarbecht vun engem Dag zerstéiert. Ech schwätzen de ganze Recht vum Dag net méi mat him. D’Luucht iwwert eis geet aus, Zäit fir ze schlofen.

Dag 18

D’Fënster ass net gebotzt. Et gëtt schwéier fir d’Leit ze kucken duerch déi gréng Algen. Dobäi ass et haut endlech mol bësse méi spannend ginn am Programm. Ee vun den Erwuessene kritt ee Blat vun engem vun de Kanner an du gouf et eng zolidd Panzrappecht. Ech weess net wierklech wat 'Mathe' fir eppes Lusches ass, mee déi Priedegt huet et a sech. Wou de Kaméidi bis eriwwer ass kucken ech mech em a well mam Fleck an dem Goldy driwwer schnëssen. Villäicht hunn si jo eng Ahnung wat 'Mathe' ass. Ech decidéiere mech dergéint well d’Goldy mech absolut duerchernee mëscht mat sengem nervöse Geschwëmms. Hatt fënnt d’Algen immens flott. Ech muss dat hoffentlech net verstoen. De Fleck ass deen eenzegen deen d’Rou heibanne behält. Sou gemittlech wéi hien ass. Ee gudden Equiliber zu der nervöser Pëll. Meng Missioun mam Lach buddelen hunn ech missen opginn, d’Goldy huet mir et 8 mol verbockt an ech hunn elo keng Loscht méi. Dobäi nervt et mech net ze wësse wat ... Jo wat eigentlech? Ech sëtzen am versonkene Schëff a kucken op déi gréng Riddo. Schéin ass wierklech eppes anescht.

Dag 19

Mir hunn een neie Matbewunner. Torschong heescht de schwaarze Fësch, deen sech deene gréngen Algen unhëlt. Hee schwätzt kee Wuert, wat villäicht och dru läit well en un der Fënster pëscht da kéint ech och net schwätzen. Meng zwee Matbewunner weise guer keng Reaktioun ob eisen neie Matbewunner. Ausser datt d’Goldy nach méi hektesch ass wéi soss. Wann dat iwwerhaapt nach méiglech ass ouni aus eisem Doheem ee Whirlpool ze maachen. Mäi Lach, wat ech awer erëm aushiewe wollt, ass mat engem WUSCH erëm zou. Merci Goldy. Wierklech. De Fleck hëlt dat alles zimlech relax, déi Schlofpëll. Ech wënscht ech wier sou roueg.

Dag 24

Ech korrigéiere mech, ech well net mam Fleck tauschen. Haut de Moien ass e kappiwwer geschwommen. D’Goldy hutt just nach Welle geschloen an ech duecht: Wou geet en da elo hin? Eng riseg Hand ass komm an hutt en erausgeholl. Ganz onspektakulär. Ech hunn hannert der Fënster gekuckt a gesi wéi d’Kanner mat dem Erwuessene verschwonne sinn. D’Kanner hu laut gekrasch, wat ech souguer hei an eisem Aquarium héieren hunn. Et war méi ee schlëmmt Gekräischs wéi deemools wéinst der Mathe. Si haten de Fleck wierklech gär. Den Torschong war genervt an ass sech an d’Schëff leeë gaangen. Merci, dat war meng Plaz. Schued ass et em mäi Kolleg, mee kee schéngt sech heibannen drun ze stéieren datt mer ee manner sinn. Ech well mäi Kapp fräikréien an endlech dat Lach do fäerdeg kréien. Wat ass ënnert all dem Sand Nondikass!

Dag 31

Mir krute Gesellschaft. Sou richteg kann ech dat Déier nach net aschätzen, wat virun eiser Fënster sëtzt an eis wéi hypnotiséiert mat senge gielen Ae verfollegt. D’Goldy hëlt dovunner keng Notiz an den Torschong ass beschäftegt iwwert d’Fënster ze rutschen. Eng grouss Patt leet sech ob d’Glas an erféiert den Torschong deermoossen, datt et des Kéier hien ass dee meng méiséileg Aarbecht boykottéiert. Ma Merci dann. Dat Lach wäert ech ni fäerdeg kréie mat deenen Helde ronderëm mech. De Fleck war wéinstens roueg. Ech hunn d’Gefill déi aner zwee hunn eise Kolleg well vergiess. Dat Eenzegt wat si interesséiert ass de Fudderreen. Et mécht mech ob eng komesch Aart a Weis verdrësslech.

Dag 35

Ech hu keen Honger. D’Fro nom Buedem vun eisem Doheem beschäftegt mech net an och eis nei Gesellschaft mat de grousse gielen Ae stéiert mech net méi. Villäicht ass et einfach besser sech guer keng Froe méi ze stellen. D’Goldy mécht dat och net, an hatt ass all Kéiers ob een Neits faszinéiert wat eist doheem alles ze bidden hutt. Planzen, déi ee këddelen, wann een derlaanscht schwëmmt, helle Sand um Buedem a lauter Blosen aus enger schwaarzer Këscht uewe rieds. Kennt dat engem anere bekannt fir? Kee Kommentar. Ech bleiwen déi ganzen Zäit am Schëffchen a kucken aus eiser grousser Fënster eraus bei dat friemt Déier. Den Torschong botzt formidabel muss ech un dëser Plaz umierken. Just heiansto froen ech mech nach wou dat friemt Déier higeet a firwat et erëmkennt. Mee fir de Rescht ass mir d’Loscht vergaangen.

Dag 40

Et fält mir eréicht ob wou den Torschong grouss Ae mécht. Ech kucke mäi Spigelbild a war sou erféiert datt ech mech direkt erëm a mäi Schëffche flüchten. Ech hu keng Faarf méi bis ob eng kleng rout Schupp op menger lénker Säit. Oh mäi Gott. Ech kann et net gleewen. Einfach wäiss. Wéi de Sand. Wat ass da just geschitt? Ech versichen net ze hyperventiléieren an der Spruddelkëscht uewe Konkurrenz ze maachen. Ganz roueg bleiwen. Dofir gëtt et sécher eng Erklärung. Villäicht d’Fudder? Da wiere meng zwee Matbewunner jo sécher och am Ghost-Club. D’Luucht? D’Waasser? D’Planzen? Ech dréine mech am Krees. Dat bréngt dach alles näischt. Ech traue mech guer net méi aus mengem Schëffchen. Hei sinn ech sécher. Hannert der Fënster setzt dat komescht Déier erëm a kuckt mech grad sou schockéiert wéi den Torschong. Just Goldy hutt mech nach net a mengem desolaten Zoustand gesinn. Soulaang ass et nach e bësse roueg an ech ka mer eppes iwwerleeën. Wat soll ech maachen? Fillen ech mech schlecht? Usech net. Just bëssi gestresst. Mee dat geet sécher alles erëm. Déif duerchootmen. D’Rou ass net vir laang. D’Goldy schwëmmt laanscht a rappt d’Aen op. Ech krinn Angscht. Hatt ass méi hektesch wéi soss, an dat soll well eppes heeschen. Nee net hektesch, hysteresch passt besser. Vill besser. De ganzen Aquarium bougéiert. Hatt mécht wierklech ee Whirlpool aus eisem Doheem! Den Torschong saugt sech un der Fënster fest fir net mat ewech geholl ze ginn an ech bleiwen a mengem Schëffchen. Ech fille mech wéi wann d’Apokalypse géif virun der Dir stoen. Oder der Fënster. A Recht sollt ech behalen. De Schied ass do an Zack ass et roueg. Goldy schwëmmt zwar nach ëmmer am Krees mee et hutt Angscht. Dohi wou de Fleck verschwonnen ass well kee vun eis goen. Ech kucken aus dem Schëffchen a wann et méiglech ass ginn ech nach méi bleech. Een Netz. Zack hutt et mech an ech ginn erausgeholl aus mengem Doheem. Ech rappen de Mond grouss op mee et bréngt näischt.

Dag 42

Mir kennt et fir wéi wann ech een Dag an engem kommatéisen Zoustand verbruecht hätt. Meng nei Behausung ass net berauschend. Ech nennen se Einzelhaft an et ass usech näischt anescht ewéi ee gielen Eemer. Et gëtt näischt heibannen. Just Waasser. Dat Komeschst ass bäi wäitem meng nei Luucht. Méi wéi eemol leet sech ee Schied driwwer mee et ass ganz anescht. Heinsto kennt Loft a mécht kleng Wellen. Net sou eppes Hektesches wéi d’Goldy. Mee angenehm. Ech si méi roueg, et gëtt kee Stress méi. Villäicht hat mech dat mam Fleck an dat mat mengem Lach méi matgeholl wéi ech gemengt hat. Ech weess net wéi laang ech hei am Eemer sëtzen. Iergendwann gesinn ech erëm dee Mënsch. Deen vun hannert der Fënster. Hee laacht mech un an ech denke just nach, sou Kanner den Owend gëtt et gebrodene Fësch mat Ënnen a Paprika. Den Eemer beweegt sech, e kippt a mir gëtt bal schlecht. Mat engem WUSCH sinn ech eraus aus der Einzelhaft. Dat neit Waasser ronderëm mech ass bëssi veralgt ronderëm mech mee et ass riseg. Keng Fënster. Ech kucken duerch d’Waasseruewerfläch nach eemol bei de Mënsch a seng Kanner, déi elo nierwt him stinn a mir wénken. Ech versti guer näischt. Nierwt mir geet et nach zweemol WUSCH a meng zwee Matbewunner sinn nierwt mir. Si si genausou verwonnert wéi ech. Allen dräi hu mer grouss Aen. Ech schwamme lues virun, ech hu guer keng Ahnung wat dat Ganzt hei soll. Mee ech si virwëtzeg an ech schwamme lass. An ech denken dat heite wäert eist neit Doheem sinn. Och wann ech keng Faarf méi hunn, sinn ech awer ee gléckleche Fësch.

A wéi ee Fësch bass du?




Envoyé: 15:14 Wed, 8 March 2017 par: Spedener Florence