Retour

Haas Romain

Zwou Séilen an der Nuecht

 

 

Et war esou am Hierscht, et louch nach néierens Schnéi,

Mee vill Reen ass gefall - An dëst vu spéit bis frei.

Sou goung ech enges Nuets duerch ons verloosse Stad

An déifste Gedanken, vun deem deen op mech waart.

Wei louch de Knuedler do! Traureg, schwaarz, fiicht a stomm!

An d’Léiwen hunn geschlof, als hätten si gewonn'

En Kampf oder eng Juegd, oder erluecht en Wëld.

Mee stomm waren si ‘lo an hunn net méi gebrëllt.

Sou war ech ganz eleng an dëser déifster Nuecht.

An alles huet geschlof. (Just de Wëllem hält Wuecht.)

Weider goung ech mäin Wee, laanscht de Palais dohin.

Laanscht de Fëschmaart erof, konnt ech de Gronn gesinn.

An aus der Nuecht erschéngt, bedreelech héich en Tuerm,

Vestige aus aler Zäit, getrotzt all Reen a Stuerm.

Den Huelen Zant weist mir iwwert seng Bréck de Wee,

Erënnert un al Zäit a schneit den Dall an zwee.

 

Wei ech op des Plaz koum, ech kann et net méi so‘.

Op der heicher Corniche, do blouf ech roueg sto‘.

Et war jo hei um Bock, wou alles ugefaang',

Wou e Grof op der Buerg säi Fändel opgehaang'.

Et war wei wann de Glanz ... vun neiem nees opgoung!

Wei wann déi al Ruin ... nees héich op dem Fiels stoung!

Do stoung no nierwend mir (!) en Mann ganz stomm a bleech,

En schwaarze Mantel un, seng Aen dreif a weech ...

Sou stoung hien do an (vläicht) hat hie mech net gesinn,

Well näicht huet hie gesot, als géif et mech net ginn.

Wei hien ze beschreiwen, et mir sou schwéier fält!

En Mann aus aler Zäit, aus enger friemer Welt!

E Grousse vu fréier, en Held a Schluecht a Krich,

Alles gesinn, erlieft ... an trotzdeem op der Sich.

Eleng am Univers, verluer a senger Stad,

Ganz gläich dem groussen Held, Oreste ouni Pylade.

Mee ech well meng Lieser net mat Detailer plo‘.

Säin Portrait kuerz a knapp, dee well ech iech lo so‘ :

Eng Gestalt gebuer wei ... aus enger Tragedie!

A sengem Bléck do louch ... eng déif Melancholie.

An d’Dall huet hie gekuckt, onendlech wäit eran.

Ech weess net z‘erroden, wat hien erkennen kann.

 

En melancholesch Schall dréngt aus dem Gruef erop,

Bis héich iwwert ons Käpp a weider iwwert d’Kopp.

An dëse Widerhall, en Lidd vun aler Zäit,

Verzaubert hien a mech, als wier et ‘lo sou wäit,

Datt alles nees ugeet, datt hie ‘lo kéint zeréck

Zu senger aler Leift, zum Ufank vun dem Stéck.

Den trauregste Gesang, sou douce op ganzer Linn,

Duerchbrécht de ganzen Dall an hält dann op ze sinn.

Do bléist de Wand well op, dréckt mir Tréinen an d’A.

An am nächste Moment ... do steet um Fiels eng Fra!

Bleech ass si an der Nuecht, en Kleed vun Hoer un

Aus goldege Strähnen, mat bloe Blummen drun.

Si falen sech an d’Äerm! (Do bléist de Wand fir d’Zweet).

Wei zwee déi sech verluer a fonnt no Éiwegkeet,

Stinn si do, maachen näicht, genéissen einfach d’Zäit,

Dat schier onendlecht Gléck, dat virun hinne läit...

Do bléist de Wand fir d’Drëtt, de Moment kënnt méi no

Wou si sech stellen déi ... geféierlechste Fro...

D’Nix ergreift hier Hoer, emweckelt hire Mann

An schonn ass hie gebonn' an hirem Zauberbann.

Si sinn nees zesummen, genéissen hier nei Leift,

Si 'lo endlech vereent, an der Nuecht hirer Déift.

An et ass alles gutt, fir ’lo an Éiwegkeet,

Fir haut a muer, all Dag! (‘T ass dat, wat hien sech seet.)

 

Mee wei de Wand opbléist, erwächt an him eng Muecht

Géint déi hien all Zäit kämpft, ëmmer op senger Wuecht.

Hien weess et, weess et wuel : Hien däerf si net gesinn,

Well et ass haut Samschden , hien hat d’Versprieche ginn.

Firwat dëst Verspriechen ? (Dat weess hie selwer net.)

Kéint et sinn datt et do ... eppes Geheimes gëtt?

An hie well et wëssen ! Wat däerf hien net gesinn ?

Ass do een aneren? Kéint et en zweete ginn?

Hien dréckt d’Hoer op d’Säit a kuckt sech alles un!

Wou ass säi Verspriechen? Hien hält sech net méi drun!

Sou kuckt hien seng Nix un a verflucht sech erëm,

Bestrooft sech nees op d’Neits a kennt dobäi all d’Grënn!

Ech sinn him keng Hëllef, trotz menger Empathie.

En eenzel Spectateur vun dëser Tragedie!

Do bléist de Wand fir d’Lescht an dréckt si auserneen:

Hien 'rof zum Pafendall, si zum Gronn an de Reen.

Do steet den Huelen Zant! Ganz an der Mëtt vum Wee

Erënnert un al Zäit a schneit den Dall an zwee...

 

An hirer Verzweiwlung iwwert déi éiweg Strof

Stierzt d’Nix sech nohannen ... fält an de Gronn erof.

An d’Uelzecht ‘rof fält si, déi aarm verfluchten Nix

An verschmëlzt op éiweg mat dësem daischt‘re Styx.

Hien bleift eleng zeréck, fält mental hannendrun,

An Gedanke bei hier, hält sech fest un hier un,

Spiert nach all hier Hoer, gesäit nach hire Bléck...

Mee d’Stéck ass eriwwer an hie kann net mei z‘réck.

An senger bleecher Hand hält hien eng kleng blo Blumm.

Sou fänkt seng Tragedie erëm vun neiem un.

 

Gläich am nächste Moment, steet hien ënnen am Gronn

An a voller Montur dréint hien seng einsam Ronn.

An sengem ale Glanz, op sengem stolzen Hengscht

Reit de Grof duerch seng Stad a gëtt ni op säin Déngscht.

De Grof vu Lëtzebuerg reit iwwert d’Uelzecht fort,

Eng geeschterhaft Gestalt vun der trauregster Zort.

 

Sou sinn si zwee verflucht, verflucht op Éiwegkeet

Mat engem daischt'ren Fluch, deen sech ni, nimools leed!

Sou schwiewen si dohin, eng éiweg Sich a Juegd,

Een hannert dem aneren, zwou Séilen an der Nuecht.

Sou hunn ech si gesinn, sou zielen ech hier Strof :

Hei déi Nix, seng grouss Lieft, do de verfluchte Grof

Op sengem wäisse Päerd, iwwert der Uelzecht do.

Well op éiweg reit hien ... dem Melusina no ...

 

 




Envoyé: 12:15 Sun, 15 March 2020 par: Haas Romain