Retour

Klaassen Eline

Ouni Führerschäin Direktioun Zukunft

 


Mir sollten ophalen, Führerschäiner ze maachen. Ech weess, datt ech hei eigentlech e literaresch usprochsvollen Text sollt verfaassen, mee dat heiten sëtzt mer einfach queesch, et dréckt esou fest op meng Longen, datt se bal net méi ootme kënnen, et zerquëtscht mer därmoossen de Gedankefloss, datt ech owes bal net méi aschlofe kann. Ech géing jo och léiwer Geschichte schreiwen, mech fortdreeme vum Misär a mengem Kapp, meeschtens ass dat jo och eng ganz gutt Method, mee ech mengen, dass dëse Problem ze grouss ass, fir en einfach esou op d’Säit kieren ze goen, ech mengen, dass dëse Problem ëmmer an ëmmer nees zréck opdauche wäert, bis mer dann endlech déi wierklech Konsequenze spieren. De Guy Helminger mengt, Schrëftsteller sollte sech mat Themen befaassen, déi gesellschaftspolitesch relevant sinn, an ech denken, méi gesellschaftspolitesch relevant ewéi dat heite geet et jo bal net. Ech verstinn einfach net, firwat d’Leit dat ëmmer nach normal fannen, sech zwar iwwert dat waarmt Wieder opreegen an duerno awer nees mam Auto duerch d’Stroosse renne fir all butzegt Stéck Distanz. D’Leit mengen all, de Führerschäi wier eppes onmoosseg Wichteges am Liewen, eppes, wat een net däerf verpassen, wat ee brauch, fir e normaalt Liewen ze féieren. Ma wat léiert een dann iwwerhaapt wierklech dobäi? Et léiert een, mam Auto fueren, léiert een, wéi een am beschten d’Welt verschmotzen a sech dobäi net nëmmen déi eegen Zukunft, ma och déi vun allen Anere versaue kann. Ass et da wierklech dat, wat mer sou dréngend brauchen?

Verstitt mech wann ech glift net falsch, ech wëll guer net behaapten, dass een domadder, keen Auto ze fueren, déi ganz Äerd retten an dem Klimawandel e fette Stréch duerch d’Rechnung maache kann, iwwerhaapt net. Ma ech sinn awer iwwerzeegt dovunner, dass wann eng ganz Generatioun, wann all d’Jonker op dëser Welt sech endlech emol géife weigeren, déi topeg Gewunnechte vun der Vergaangenheet blannemännerches z’iwwerhuelen, sech einfach dogéint widdersetze géifen an d’Grenze vun deem, wat vun der Gesellschaft als normal ugesi gëtt, stur géinge verréckele goen, verréckelen op déi Plaz, wou mir se gären hätten, datt sech da vläicht endlech eppes géif doen, datt och déi Erwuesse sech vläicht endlech emol géingen trauen, d’Ae wäit genuch opzerappen, fir d’Realitéit ze gesinn. Natierlech wäert ni een d’Realitéit esou gesinn, ewéi se wierklech ass, all Mënsch huet jo nëmme säin eegent Puer subjektiv Aen, ma verschidde Saachen iwwerkucke mer awer mat enger gewëssener Absicht, och ech selwer maachen dat, obwuel mer wëssen, datt et se gëtt, obwuel mer wëssen, dass mer, wa mer nëmmen dës onheemlech Schicht Bequemlechkeet a Lidderegkeet vun eis erofrappe géingen, eppes drun ännere kéinten.

Jo, ech weess, dass den ëffentlechen Transport net ideal ass, dass gewësse Strecken, natierlech ëmmer ofhängeg dovunner, wou ee wunnt, wierklech net an där Zäitspan ofgeluecht kënne ginn, an där se sollten. Ech selwer wunne jo och net an der Stad. An awer sinn ech iwwerzeegt dovun, datt et am Endeffekt näischt Aneres wéi eng Saach vum Wëllen ass, a wann de Wëllen do ass, de staarke Wëllen, deen, dee sech esou liicht net vu senger Bunn stousse léisst, bei ville jonke Leit, déi staark am Liewe stinn an déi d’Kraaft an de Courage hunn, fir eppes aus hirem Liewen ze maachen, fir sech net einfach sou d’Zukunft vun der Vergaangenheet verbarrikadéieren ze loossen, da gëtt op eemol Villes méiglech. Wann eng ganz Generatioun op eemol radikal ophält, sech dat ze huelen, wat engem virgetesselt gëtt, d’Autoe lénks stoe léisst a sech aner Méiglechkeete siche geet, da muss d’Politik dach och eppes ännere goen, da ka se dat guer net ignoréieren. D’Leit reege sech ëmmer iwwert d’Politik op, mee am Fong geholl ass d’Politik an eiser Demokratie ouni d’Ënnerstëtzung an d’Averständnis vun de Bierger zu guer näischt fäeg, se ass e relative Spigel vun der Meenung vun eiser Gesellschaft. Wa si sech d’Entscheedung net ze huelen traut, musse mir et ebe selwer maachen, selwer fir eis a fir eis eegen Zukunft.

De Mënsch tendéiert dozou, gemitterlech ze sinn, gemitterlech a liddereg, awer gläichzäiteg schéngt e mer onmoosseg ongedëlleg, an en huet seng heemlech Virléifte net an der Hand, e wëllt seng Dreem a Wierklechkeet ëmsetzen a mierkt dobäi net, dass se als Dreem vill méi schéi waren. Mir hunn eng fuerchtbar kuerzsiichteg Vue, maachen eis haut alles sou einfach wéi méiglech a mierke guer net, ewéi d’Natur sech dogéint wiert, eis entgéintjäizt, dass mer, wa mer haut sou weiderfuere, geschwë kee Muer méi wäerte gesinn. Eis Virfaren hunn eis Steng an de Wee geluecht, , deenen hir Mass ze héich ass, wéi dass deen Eenzelen se nach op d’Säit kéint raumen. Et si Bëtongsbléck, déi eis de Wee fir an d’Zukunft verspären, a wa mer iwwerhaapt nach eng Chance wëllen hunn, fir se droen ze kënnen, dann hu mer guer kéng aner Wiel, ewéi se all zesummen an de Grapp ze huelen. An deem Sënn: Haalt zou ärem Wëllen, gitt net no, nëmme well d’Vergaangenheet eis aner Siichtweis, eis kleng Léisung fir dësen enorme Problem net enuechthuele wëllt. Verweigert de Führerschäin, fir keng Excuse méi ze hunn, der Lidderegkeet de fräie Laf ze loossen. Sprangt aus dem Zonk eraus, an deen d’Leit eis ze drätsche probéieren. Well wa mer mol ganz niichter op eis Geschicht erofkucken, da mierkt dach all Kand, dass Führere bis elo nach ni eppes Guddes bruecht hunn, oder?



 




Envoyé: 20:23 Sat, 16 February 2019 par: Klaassen Eline