Retour

Bertemes Lara

Wat soll dat?!



Wat wëll ech maachen a wou wëll ech hin?

Wat soll dat ?

A wat soll aus mir ginn ?

 

Rapp dech um Rimm an zwar richteg fest!

Dat ass richteg an nëmmen dat Bescht!

Vergiess, wat war

Kuck nëmmen net no hannen

Wat war ass geschitt

Lauschter mir no

A stell keng Fro!

 

Wisou sinn ech grouss an du kleng?

Wisou déi eng deck an du reng?

 

Hal op mat deenen domme Froen!

A lauschter mol eng Kéier wat déi aner soen !

Ëmmer an den Wolleken

Ëmmer déi Froen

Dat kann dach net esou weider goen!

 

Wat ass hei a wat ass do ?

 

A schonns erëm eng domm Fro!

 

STOPP, haalt elo mol op!

Wat ass mat „Ween net freet bleift domm“

Keng Fro, keng Äntwert?

Ech halen dru fest an erfuerschen dës Welt

Et gi keng domm Froen!

An ech maache wat mir gefält

Jo ech sinn ee Streber

Dorun halen ech fest

Du weess, datt de Moment kennt

Wou ee mech fënnt

Do sinn ech ganz grouss,

An du ganz kleng

 

 




Envoyé: 11:55 Sun, 18 March 2018 par: Bertemes Lara