Retour

Ries Lynn

Wou wëlls du sinn, wann et eriwwer ass?



"Wou genau bass de?"

"Ech sot jo, am Bus bal zu Dippech." Ech kucke mech ëm. "Ech si beim italieneschen Restaurant virum Dippecher Bierg." Ech froe mech, wat elo erëm de Grond zur Hektik ass, awer meng Mam seet näischt a wëll mech net beonrouegen, falls ´et´ just Gerüchter wieren.

Ech hänken an an lehnen mech erëm gemittlech an mäi Sëtz zeréck a kucken de Leit no, déi um Busarrêt eraklammen. Eng eeler Fra klëmmt an de Bus an sou mussen d'Dieren eng Zäit laang opbleiwen. Op eemol héieren ech et. Am Ufank kléngt et just wei ee klengt, onscheinbart Päifen. Vill Leit dréinen hire Kapp a sichen nom Grond, sichen no der Quelle vun dësem Päifen. D'Geräisch gëtt ëmmer méi haart a widderhëlt sech stänneg. Wei een Alarm vun engem Auto, awer vill méi haart a vill méi laang. D´Leit am Bus kucke sech all froend un.

"Wat ass dat fir een Alarm?" Et schéngt vu wäit hier ze kommen, mä ass ganz däitlech am Bus ze héieren. Déi eeler Fra sëtzt mëttlerweil, mä de Buschauffer léisst d'Dier op, sech net sécher, wéi hien elo reagéieren soll. Keen ass sech déi éischt Minutten sécher wei en reagéieren soll, bis  op eemol Beweegung an de Bus an op d´Stroossen kënnt. D´Leit lafe panesch aus dem Restaurant, kräischend Kanner un der Hand matzeiend an d´Jacketten just um Aarm. Ëmmer méi Autoe sinn elo op der Strooss ze gesinn, si fueren all a verschidde Richtungen. Keen hält sech un d`Geschwindegkeetsbegrenzung. Ee jonkt Meedchen am Bus jäizt hysteresch op, hat léisst säin Handy kuerz op den Bueden falen.

"Killwierker vun Cattenom sinn ausgefall an et kennt zur enger Iwwerhëtzung. Mir sollen all sou schnell wei méiglech an d´Atomschutzbunkeren!" Vill Léit jäizen duercherneen am Bus, keen weess genau wou déi sollen sinn. Ech kucken op mäin Handy, zwanzeg Noriichten. Meng Mam huet mer gefillt honnert mol ungeruff. Ech ruffen schnell zeréck. Si jäizt an den Handy, ech soll Heem op Bascharage bei ´Op Acker´ kommen. D´Verbindung brécht of. Lo wier een perfekten Moment vir Panik ze kréien, mä ech bleiwen erstaunlech roueg, während d´Leit aus dem Bus rennen an an d´Strooss sprangen.

Ech sprangen endlech mat ziddernden Been op an ginn bei den Buschauffer, deen ëmgaangen ass ze telefonéieren.

„Fuert dir nach bis op Bascharage? Ech weess, wou do ee Bunker ass“, fügen ech léiwer bäi. Well einfach sou ze froen op de Bus nach weider fiert a grad sou enger Situatioun kléngt surreal, als wier ech eng al Fra, déi näischt matkrut huet, mä awer elo ee Rendez-vous beim Coiffeur hätt.

„Jo, meng Famill wunnt zu Hautcharage.“ Deen Buschauffer bläert duerch den Bus, dass e lass fiert. Während hien d'Dier zou mécht, sprangen nach puer Leit eraus. Mir fuere lass. Natierlech ass scho Stau am Dippecher Bierg a mir kréien all Panik am Bus. Wéivill Zäit bleift eis?

Bis op eemol déi éischt Autoen einfach an den Geigenverkéier ranfueren an den Dippecherbierg zu enger zweebunneger Strooss mutéiert. Den Buschauffer, deen senger Fra Kommandoen um Handy zou bläert fiert och einfach op d´Geigenseit. Bal beim Duerf ukomm, kommen eis Autoen entgéint. Mä géint een Bus huet keng eng Chance an si fueren an den Gruef eran.

Mir rennen duerch Dippech an ech kucken zur Fenster eraus. Ech gesinn wéi d´Leit hektesch alles an hiren Auto erageheien a wéi Kanner an Hënn an den Auto gedréckt ginn. Gesinn awer och Leit di schonn ze Fouss mat enger Wallis lass gelaf sinn. Keen Auto hellt sech nach un d´Geschwindegkeet oder un Vierfahrtsreegelen. Ëmmer erëm gesinn ech zwee oder méi Autoen aneneen rennen. Police fiert ëmmer erëm mat bloen Lutten laanscht, awer si kucken net no den Accidenter an net no den Leit. Si ginn all wou anescht hin. All Richtung Cattenom? Mä firwat, wat soll een elo nach dozou bäisteieren? Uewen sinn Helikopter ëmgaangen ze kreesen an den Alarm hurelt nach ëmmer duerch d´Loft. Zu Dippech beim Rond-point virun Bascharage war et dat awer och elo mam Fueren. Di iwwreg Leit am Bus kommen no vir an kucken eraus. Een Camion ass am Roind-point ëmgefall. Iwwerall, an all Richtung vum Roind-point, ass Stau. Jiddereen tut, mä vill sinn souwisou schonn aus dem Auto geklommen an lass gerannt. Hunn hier Dieren opgelooss an den Auto am Stau stoen gelooss. Bascharage wier den nächsten Arrêt…

„Maacht d'Dieren op!“, jäizen ech. Endlech, endlech huet mech Panik och ergraff. Den Buschauffer mécht wat ech soen an ech sprangen eraus. Ech maachen meng schwéier Posch mat den Uni´s Bicher op an huelen mäin Portmonnie, Handy an Hausschlëssel eraus. Ech geheien meng Posch mat den Bicher op den Bueden an lafen lass. Ëmmer erëm kucken ech Richtung Himmel als misst ech eppes erkennen. Den Himmel ass normal gro, sou wei üblech am Mäerz. Mä sécher sinn ech mer net. Ech rennen duerch Dippech op der Landstrooss, vill Leit kommen mer entgéint gelaf tëschent den Autoen. Et gesäit éier wie een Kierfecht aus. Keen ass méi an den Autoen, Dieren stinn iwwerall op an d´Lutten brennen nach. Verschiddener dämpen well se an een Accident verwéckelt sinn.

Meng Longen dinn wéi, an no enger kuerzer Zäit doen ech meng Jackett aus an geheien se op den Bueden. Mier ass vill ze vill waarm an den Schweess leeft iwwerall un mir erof. An sou engem Moment wënscht ech mir, ech wier méi sportlech. Oder dass ech een Vëlo hätt, denken ech genervt am Moment wou dräi Leit um Vëlo, mateneen jäizend, mech bal ëmgerannt haten. Een vun hinnen rennt an een Autospigel an bläert op, den Spigel fält klirrend zu Bueden. Ech lafen weider. Ëmmer erëm kucken ech op mäin Handy, mä ech hunn keng Balken méi an keen Empfang méi. Endlech zu Bascharage ukomm! Meng Féiss brennen, meng Knéchel dinn wei, meng Longen droen mer den Broschtkuerf ze sprengen. Mäin Häerz an d´Blutt an mengen Oueren rauscht sou haart, dass ech d´Leit em mech net méi héieren.

Ech renne weider. An befannen mech mat ëmmer méi Leit zesummen op der Strooss. All lafen se an eng Richtung. Bal fält et mir zeguer méi liicht mat souvillen Leit op der Strooss ze lafen wéi eleng. Als géifen se mech all matdroen. Verréckterweis froen ech mech op et sech sou op engem Marathon ufillt. Beim Policebüro zu Bascharage raschelen d´Beem op eemol haart. Ech bleiwen staark ootmend an schweessend stoen an kucken erop. Dausenden vun Villercher fléien aus den Beem, verbannen sech mat deenen villen di op eemol vun allen Säiten optauchen. Vill Leit bleiwen stoen an kucken erop. Dausenden vun Villercher fléien an di opposéiert Richtung vun Cattenom.

Da spiere mer et all...

Just ganz liicht, awer mir spieren et all. Mier bleiwen all stoen. Eng kleng Drockwell ass duerch eis allenguerten duerchgaangen. D´Beem raschelen an d´Hënn fänken un mat billen. Ech gräifen mer un d´Häerz. Ech hunn een liichten Drock duerch mech goen gefillt, een Drock deen mer kuerz den Otem geholl huet. D´Bascharager Awunner weisen erop, erop Richtung Horizont. Um Horizont ass deen ganzen Himmel bedeckt mat déckflëssegem schwaarzem Damp. Et ginn ëmmer méi Stemmen, di et vir d´éischt flüsteren an et dann lues a lues blären: Cattenom ass explodéiert. Eng Tréin leeft mäin Back erof. Wéivill Mënschen sinn elo grad an dësem Moment gestuerwen? Wéivill konnten rechtzäiteg fort? Awer aus der Geschicht vun Tschernobyl an Fukushima weess ech genau: wäit ewech ass nimools weit genuch ewech. Egal wie weit mer lafen wäerten, Lëtzebuerg wiert sech Haut veränneren. Ee groussen Deel vun Europa wiert sech haut veränneren.

Ech lafen erëm weider, d´Péng a menge Been ignoréiernd an denken un all déi lächerlech kleng Detailer an Erënnerungen. Wie ech an engem Supermarché Geld gespend hunn vir, dass Ëmweltschützer zu Cattenom kennen demonstréieren, wie ech mat mengen Elteren iwert Fukushima geschwat hunn an si soten, dass dat hei och kënnt geschéien. Mä och wei ech zu Spuenien Freedefeier iwwert dem Mier gesinn hunn, wéi mer Chrëschtdag een Schnéimännchen an Form vun enger Katz gebaut hunn, wéi ech meng Katz vir d´éischt kéier gesinn hunn, wou ech mat Frënn peinlech Karaoke gesongen hunn, an mat menger Mam Muffins gebak hunn.

Ech probéieren déi Gedanken lass ze ginn, awer wat ech ëm mech gesinn ass net besser. D´Geschäfter sinn eidel, Hausdieren sinn op, Kanner stinn op der Strooss ze kräischen, Leit di ech kennen lafen laanscht mech ouni eppes ze soen, all rennen se an d´Richtung vun der neier Schoul ´Op Acker´, all probéieren se eng Platz am Bunker ze kréien.

Endlech kommen ech um Parking un. Ech falen zu Bueden an jäize vu Péng. Meng Been zidderen an ech spieren d´Blutt an mengen Schong sech usammelen. Meng Longen platzen gläich an mäin Häerz pompt sou fest, dass meng Rëppen ze briechen droen. Ech rafen mech ëmmer erëm op, mä meng ziddereg Been wëllen net méi an ech falen op deen haarden Steenbueden zeréck. ´Just nach en bëssen´, soen ech mer ëmmer an ëmmer erëm, während ech et endlech packen op zidderegen an midden Been ze stoen. Ech kucken mech em.  Den Parking ass voll, keen weess genau wouhin. D´Schoulgebai ass riseg, néierens stinn Schëlder mat enger Annonce, dass een no riets misst goen vir an den Bunker, néierens steet Police di d´Leit berouegen géifen. Ech drécken mech panesch duerch d´Leit. Jiddereen jäizt, ëmmer erëm kréien ech eng Wallis wiedert Knéien geschloen oder een Ielebou an d´Säiten. Iergendwann gesinn ech awer Police vun Bascharage um Schoul Parking stoen, si verdeelen Jod-Pellen an geheien se hektesch an d´Reien eran.

„Hei!!“ Ech dréinen mech ëm, et ass eng bekannte Stëmm nieft dem Sammelsurium vun verschiddenen paneschen Stemmen a gebläerten Kommandoen. Meng Famill. Ech lafen op se duer, muss mech erëm duerch d´Leit drécken an muss puer mol selwer ee stoussen. Mir hunn eis fonnt. Ech ëmäermele meng Famill, dankbar am villäicht leschten Moment net eleng ze sinn. Net eleng an engem Bus ze sëtzen, net eleng iergendwou duerch eng Landstrooss ze lafen mat bluddege Féiss. Ech kucken erop a gesinn elo eng grouss donkel Wollek iwwert eis. Keng Wollek, wéi een se sou am Mäerz gesäit. Eng Wollek voller Damp, e Strapp vu frëschem Feier. Mir kucken all erop an et ass op eemol ganz roueg um Schoulparking. Vill Leit huele sech mat der Hand an emaarmen sech. Ee bläert, dass en de Bunker fonnt huet. Mäin Otem berouegt sech lues a lues an ech kucken d´Wollek weider un. Mir beweegen eis Richtung Bunker, ongewëss ob et net villäicht schonn ze spéit ass. Mä ech si frou, egal wat och geschitt, ech si bei menger Famill a bei all deene Leit, déi ech jorelaang kennen a sinn net eleng ëmgaangen, ëm mäi Liewen ze lafen. Well di eenzeg wichteg Fro ass am Endeffekt: wou wëlls du sinn, wann et eriwwer ass?

Eng Drëps fält op mäi Gesicht, et fänkt un ze reenen. Kill an erfrëschend, während d´Sonn nieft der décker Wollek eng leschte Kéier rauskuckt an engem an den Aen blëtzt …

 




Envoyé: 23:53 Fri, 16 March 2018 par: Ries Lynn