Retour

Zinnen Carmen

burning slivers



Begeeschtert spréngt e klenge Jong vun 8 Joer duerch d’Hal vum Fluchhafen a jäizt: „Finally, finally, the day has come!”, wärend eng verzweifelt Fra versicht, him mat den Wallissen hannendrun ze kommen. Mee, de klenge Jong flitt awer net etwa an d‘ Vakanz. Nee, hie wëll zréck bei seng Elteren an hie freet sech och scho riseg drop se no all deene Méint erëmzegesinn. Kuerz virum Eranklammen, dréckt hie sech d’ Nues un der Fënster platt an denkt sech: “Wow, the planes are so big. When I’m big, I want to be a pilot. That would be ever so awesome.” Seng Dreemerei gett allerdéngs relativ schnell vun der ongedëlleger Fra ënnerbrach, déi dorop gewaart hat, dass
d’Stewardess hie siche kënnt: “Stay away from the windows! The person who has to clean them won’t appreciate the stains.” Hie selwer hat awer grad aner Gedanken wéi déi Flecken un der Fënster. E wäert eleng zréck fléien, just hien eleng, ouni een dee hie kennt an hien ass stolz drop. Hien héiert d’Fra mat der Stewardess schwätzen. E versteet iergendeppes mat ”fein Jong“ an d’Wuert „englesch“, do ass hie sech sécher! “D’Stewardess kënnt a schwätzt hie frëndlech un: “Hi, little one. I’m Cristine. I’ll take care of you until you’re going on board of that huge plane over there.” De klenge Bouf fänkt un glécklech ze laachen an mam Kapp “jo” ze wénken. Kuerz nodeems hien der Fra Äddi gewénkt huet, geet hie mat der Stewardess a Richtung Trapen.

Den ganze Fluch iwwer sëtzt hie roueg op sénger Platz a spillt mat engem Plastikfliger. Kuerz virun der Landung kuckt hien d’Stewardess eescht un an seet: “I’m on my way to my family: my parents, my brother, my sister, my grand-dad and of course my dog – I’m looking forward to seeing them, I can’t wait to be reunited with them!” D’Stewardess kuckt hie frëndlech un an äntwert: “I see. Lucky you – I bet you’ll have a good time.” Wéi hie aus dem Fliger klëmmt, gesäit hien seng Famill schonn op hie waarden. Mee hannert dem Fluchhafe brennt d’Stad tëscht groe Mauerreschter liichterlo. An do, der Nopesch hiert Haus, Flamen, et kraacht, ee jäizt...

Verschweesst erwächt de Jong, wenzelt sech a rifft: “Mom, Dad? Where are you?” Mee et ass keen do, hien ass eleng. Hien ass och net doheem a wéi hien d’Decken zréckschléit  an op seng Bandagen an Plooschtere kuckt, gëtt him kloer, dass hie  just nach eng Saach  huet, déi Familljefoto mat den ugesengte Ränner, déi nieft dem Waasserglas um Nuetsdësch läit.

 




Envoyé: 19:33 Fri, 16 March 2018 par: Zinnen Carmen