Retour

Blum Lia

Op de leschte Stëppel

Dir musst verstoen, ech maachen ëmmer alles op de leschte Stëppel. Virun allem d’Hausaufgaben. Déi loossen ech ëmmer esou laang schleefen, dass ech zum Schluss panikéieren, fir se rechtzäiteg fäerdeg ze kréien a jidderee ronderëm mech ass genervt. Frot meng Elteren. 

An da sinn ech och nach déi Aart vu Mënsch, déi trotzdeem ëmmer eng gutt Nott kritt. Ech weess, et ass schlëmm.

Et wonnert also kee Mënsch, dass ech alt erëm eng Deadline vun enger Aufgab (enger grousser Aufgab am Konschtunterrecht) viru mir hunn, fir déi mir 4 Wochen Zäit haten. An natierlech hunn ech nach net sou richteg ugefaangen. Ech hunn ëmmerhin nach bis Mëtternuecht, fir ofzeginn an et ass eréischt kuerz viru 16 Auer. Also kee Grond onroueg ze ginn, ech hunn nach masseg Zäit (no menge Standarden zumindest). Ausserdeem hunn ech mir am Virfeld scho Gedanken driwwer gemaach, wat ech maache wëll. An elo sinn ech och tatsächlech fläisseg um Schreiwen an um kreative Schaffen. 

Dee Moment tockt d’Tessy u meng Dier.

Fir de Kontext, ech wunnen an engem Internat an d’Tessy, meng beschte Frëndin, och. A well Freidegowend ass, sinn déi meescht Leit heem gaangen, fir de Weekend mat hiren Elteren ze verbréngen. Dofir hu mir geplangt, eppes zesummen ze ënnerhuelen.

D’Tessy ass natierlech scho fäerdeg mat der Aufgab. Hatt huet se haut de Moien ofginn. Streberin. An dobäi ass hatt der Meenung, hatt géif ëmmer alles op déi lescht Minutt maachen. Mee hatt ass een Amateur doran, dat kënnt Dir mir, enger Expertin, roueg gleewen. 

Op jidde Fall huet hatt grad u meng Dier geklappt, well mir eis virgeholl hunn, zesummen ze kachen an e Film ze kucken. Tjo, dat ass am Moment keng Optioun fir mech. “Gutt, dass de do bass!”, soen ech, “ech brauch nach eng Foto.”

Ech kann him ofgesinn, dass hatt en Averdréien ënnerdréckt, wat ech iwwregens onfair fannen, well ech him eréischt uganks der Woch mat senger Foto gehollef hunn.

Als éischt poséieren ech am Gank an am Trapenhaus fir d’Foto, mee dat ass mir ze banal. “Komm mir ginn eraus”, soen ech a mir rennen d’Trape vum Internatsgebai erof – respektiv trëppelen dee leschten Deel erof, well mir soss vum Pier an der Loge d’Panz gerappt kréichen. Mir wénken dem Pier a gi virun d’Dier. 

Mir maachen e puer Fotoe virun der Haaptentrée, well d’Dier zimmlech schéin ass. Mee ech sinn nach ëmmer net zefridden. Also gi mir an de Gaart. 

Jo, mir ass bewosst, dass ech spéit u sinn an ech mech einfach mat där éischt beschter Foto zefridde stelle sollt, a fäerdeg ass de Lack. Mee do huet mäin ënnerleche Perfektionist eppes dergéint.  

Am Gaart ukomm, zécken ech ee Moment an da ginn ech op de groussen ale Käschtebam duer, inspizéiere kuerz seng Schuel – et krabbelen net méi, wéi 3 Seejomessen driwwer, dat ass akzeptabel – an ëmaarmen de Bam. A well ech schonn dobäi sinn, ee Bam ze ëmaarmen, verléieren ech warscheinlech net méi un Dignitéit, wann ech och nach d’Blummen, déi niewendru geplanzt sinn, ëmaarmen. Also muss d’Tessy och dat fotograféieren. Leider kann ech Iech net soen, ëm wéi eng Blummen et sech handelt, dat ass net mäi Spezialgebitt. Ech weess just, dass et kee Lavendel an och keng Rouse sinn. 

Ok, ok. Dir frot Iech bestëmmt, firwat ëm alles an der Welt ech esou Motiver wëll hunn. Ech kann dat och novollzéien. Ech wëll Iech elo awer net domat langweilen, ze erkläre wat dat fir ee Projet ass. Dir kënnt mir einfach gleewen, dass dat Sënn ergëtt. An obwuel ech mech am Gaart virum Tessy zum Batti maachen – an Iech dat hei och nach erzielen – huelen ech herno awer eng Foto vun dobannen, wat dat, wat als nächst passéiert, nach méi frustréierend mécht. 

Elo hu mir also déi wonnerbar Fotoen, déi mäi Charakter an och de Spirit vum Projet perfekt afänken (an ech duerno trotzdeem net benotzen), a wëllen erëm an d’Gebai era goen. Ech muss meng Aarbecht jo nach fäerdeg schreiwen. Mee du sti mir virun enger zouener Dier. D’Tessy dréckt an zitt drun, ouni, dass se opgeet. A well ech dem Tessy anscheinend net vertrauen, drécken ech och nach eng Kéier un der Dier. An zéien. An drécken erëm, et weess ee jo ni. 

Mir kucken eis un. Alle béid d’Stier a Fale geluecht. D’Tessy hëlt säin Handy eraus a seet: “Et ass nach keng 5 Auer.” Kee vun eis huet d’Schlësselkaart matgeholl - wien dreemt och, dass d’Dier zou gemaach gëtt? Net schonn esou fréi!

Mir luussen duerch d’Fënster eran a stelle fest, dass de Pier net méi an der Loge sëtzt. Soll hien op dësem Freidegnomëtte schonn éischter an de Feierowend gaange sinn? Mir drécken d’Schell, vläit ass e jo awer nach am Gebai. 

“Funktionéiert se?” froen ech. 

“Keng Anung”, kënnt dem Tessy seng Äntwert, “ech héieren näischt.” 

Ech drécken nach eemol op d’Schell. 

Gespaant ofwaarden.

“Kënnt een?” 

“Ech gesi sou vill, wéi s du”, seet d’Tessy.

“De Michel ass dach nach do”, iwwerleeën ech haart.

“Bis a seng Kummer héiert een d’Schell net.” 

Ech gesinn eis schonn an der Nuecht erfréieren, well mir net méi erakommen. (An dobäi ignoréieren ech de Fait, dass et uganks Juli ass a mir grad an enger Afenhëtzt virun der Internatsdier stinn, oder och d’Tatsaach, dass mir alle béid eis Handyen dobäi hunn an et mindestens 25 verschidde Léisungsméiglechkeete ginn, fir d’Nuecht net mussen dobaussen ze verbréngen. Mee wie kann an der Panik scho kloer denken?)

Virum Tessy wëll ech mir meng – no längerem Reflektéieren dach zimmlech an d’Dramatescht gezunnen – Nervositéit net umierke loossen a soe mat roueger Stëmm. “Géi mol kucken, op hanne vläit op ass. Ech waarde soulaang hei, falls awer een d’Schell héiert.”

No enger Minutt kënnt hatt erëm a rëselt de Kapp. Pro forma drécken ech nach e puer mol op d’Schell. The more, the merrier, oder sou.

“Grrr. Ok. Ech ginn och en Tour maachen. Waart hei!” Ech ëmkreesen d’Gebai a kucke mir d’Fënsteren un. Dobäi entdecken ech tatsächlech eng Fënster, déi gekippt ass an ech mengen eng Beweegung ze gesinn. “Hallo”, ruffen ech. Et kléngt jämmerlech a mengen Oueren, mee anscheinend ass et awer haart – oder verzweifelt – genuch, well erfreelecherweis stécht den Noah kuerz drop säi Kapp aus der Fënster a gesäit mech. “Hues du geruff?”

“Ähm” drécken ech mech eloquent aus a ruffen dann, “d’Tessy an ech hunn eis ausgespaart.”

“Dir sidd jo zwee Gescheiter!”

“Merci. Dat ass eis bewosst. Kéints du esou fein sinn an eis d’Dier opmaache kommen, wann ech gelift.”

“Awer nëmme wëll dir et sidd.” Bei deene Wierder erlaben ech et mir, d’An ze verdréinen – ech sinn anscheinend kee besonnesch dankbare Mënsch. Mee hie genéisst déi Muecht, déi en iwwert eis huet, sou richteg, dat kann ech aus senger Stëmm eraushéieren. 

Séier lafen ech zeréck bei d’Tessy an den Noah, eise Retter, léisst eis eran. 

Op dee Schock gënnen ech mir direkt e puer Youtube-Videoen als Berouegung.

-----

Méi spéit den Owend, ech knipse grad d’Luucht aus a leeë mäi Kapp op d’Këssen, do fält et mir erëm an: d’Hausaufgab! Ech sprangen aus dem Bett, kucken op de Wecker – also mäin Handy – a stelle fest, dass et 23 Auer ass. Gottsäidank sinn ech haut fréi am Bett! Soss ginn ech och alt no Mëtternuecht schlofen. 

Ënnerhalb vun enger Stonn sichen ech also eng Foto eraus (et ass déi zweet, déi mir den Nomëtte gemaach hunn, am Gank vum Internat), beaarbechten se se kuerz a schreiwe mäin Text fäerdeg. Fir ze iwwerliesen ass keng Zäit méi. Um Punkt 23 Auer 59 drécken ech op “abgeben”. 

-----

Eng Woch méi spéit:

Ech hunn eng 1 op der Aufgab.




Envoyé: 22:02 Mon, 13 December 2021 par: Blum Lia