Retour

Catena Karma

Keen Titel

 



Oh Karma hues de eng nei Coupe? Iergendwéi hat ech déi aner léiwer
Du gesäis net méi esou schéin aus déng Bluse ass knaschteg, mee iwwerhaapt, sinn déng Kleeder fatzeg
Däin Gesiicht gesäit ronn aus an déng Ae blatzeg. Granzeg oder midd, mee iergendwéi net fitt.
Du bass net gekleet am neisten Trend an hues de leschten Hype vu gëscht'schonn nees emol verpennt?
Ëmmer méi schnell en Diktat vun der Moud, an et kënnt een net méi no fir ze schreiwen
A kee ka méi préiwe wat dat wierklech bréngt wann een net méi undeet wat engem gefält
 
Ëm wat geet et eigentlech ëm den Inhalt, oder d'Form, ëm de Globus oder d'Norm, ëm de Rondel oder den Eck, fir d'Freed, oder de Speck?
 
Mir musse réng sinn, net ze deck, net ze dënn,
Am beschten eng stubseg Nues a blond Hoer,
Jo et ass jo kloer, laang Hoer an am beschten Tallekeschong,
E roude Lëppestëft, e Mascara, en Neellack, e Rouge, e Make-Up, ee Liitschatten, e Shampoing an e Sonnebrëll.
Et ass dat wou ee vun eis wëll.
Schéi schlank, pass op, op déng Linn.
Mee ass déi Linn net scho laang kromm?
Op krank oder granzeg, op frou oder net, op mer traureg oder schlau sinn, ass deene meeschten egal.
E Laachen aus Plastik ass jo wierklech net echt, oder ass eis Ambiance, wierklech schonn esou vill verpescht?
Gutt ofhuelen, eng Diät fir den Inhalt. Fir dass bannen alles verschwënnt, an et deem Baussen awer gutt bekennt.
Diät, Diät weess ee mol net wat et heescht deene meeschten ass egal, dass bannen eppes feelt.
 
Diät, Diät fir den Inhalt, oder d'Form, fir de Globus oder d'Norm, fir de Rondel oder den Eck, fir d'Freed, oder de Speck?
 
De Leit ass et net egal och wann et hinnen egal sollt si wat's du unhues
D'Ausgesinn ass däin Uerteel, rout Lëpsen an rout Neel
Schéi gemaach ginn, oder schéi sinn d'Definitioun dovu kennt keen, wëll bestëmmt gëtt et vun deenen aneren
Me si mer da lo schéin oder gi mer schéi gemaach? Ass et iwwerhaapt nach d'Freed, déi eis eppes daacht?
Mir musse su sinn wéi eisen Noper an den Noper esou wéi säin fir dass mer all déi selwecht sinn an mer mar iwwert deen aaneren lästeren kënnen wëll en kéng Marken unhuet an säin ausgesinn net esou ass wéi deenen aaneren iert.
Schéinheet ass eppes waat een fir sech muss definéieren mee déi aaner mechen sech an.
Moud, heescht esou sinn ewéi d'Norm, dass de esou bass wéi all déi aner, an dass kee méi dech erkennt
Sief du selwer, mee ass de Sproch net schonn alleng e Sproch fir d'Massen?
Wëll et traut een sech jo mol net emol anescht ze sinn, wëll den Trend vun uewen Diktéiert
Näischt geet méi schnell wéi d'Ännerung vum Äussere Marken a Butteker prägen eis Gesellschaft
 
En Inhalt ass egal waat hei zielt ass d'Form. De Globus ass egal bei eis zielt d'Norm, de Rondel am Eck brauch kee méi, an et ass d'Freed déi domminéiert gëtt vum Speck
 
A wou eis  Kleeder hierkommen, doriwwer brauche mer guer net ze schwätzen




Envoyé: 07:06 Wed, 23 March 2016 par: Catena Karma