Retour

Kieffer- Celia

Ze spéit



Schonn ass d’Zäit komm fir spatz Schanken
a fir kahl Käpp vun den aarme Kranken,
mat groe Kapen a groussen Top’en
oder weit geschnidd’ne Boxen ze verstoppen.
Zäit, fir dass ënnert dem Schied vum midde Bléck
sech tëscht zwee midde Mondwénklen en Laachen zéckt
dat net méi ausseet, wéi en Abschid am Viraus.

Ech weess genau, ech kann et net verhënneren:
A meng neuronal Bänn vun der Erënnerung
wäerten sech geschwënn nei Biller vun dir schläichen
No an no wäerten se sech ëmmer méi gläichen,
wäerten sech vermëschen a verzerren, Daach
fir Daach, bis ech net méi kann erkennen,
wat wierklech alles echt gewiescht
an ... wat eigentlech net wierklech war.

An däi Liewen wäert fir mech net méi sinn,
wéi eng Sequenz déi ech ëmmer rëm duerchginn
déi ech Nuecht fir Nuecht a mengem Kapp ofspillen
bis ech mech dir endlech rëm méi no ka fillen.
Et wäert net méi sinn, wéi just déi kroop'leg Skizz
déi ech mir ëmmer erëm nei ageritzt
wäert hunn, mat all menge Fehlinterpretatiounen,
mat menge simplisteschen Abstraktiounen
vun deem Ganzen dat's du ei’ntlech bass
Dovunner hunn ech esou vill verpasst
an nach méi soll mir verweigert sinn.

Weider ze existéiere wéi bis elo – just ouni dech:
dat Gefill rappt mech auseneen a frësst mech
op. Et entsteet en eidele Raum a mengen Ënn’ren
en neit mentaalt Graf un deem ech mech ëm dech këmm’ren
an an deem ech dech deemnächst mat gréisstem Frust,
schlussendlech och begruewe muss.
Heimatt soen ech dir Äddi, éierend ech keng Chance méi hunn.
 




Envoyé: 01:31 Thu, 8 February 2018 par: Kieffer- Celia