Retour

Suglia Cosimo

Al Realitéit



Et ass net Alldag dass een Informatioune kritt déi engem säi Liewe fir ëmmer ännert. Informatiounen déi engem seng ganz Realitéit nei gestallt. Dobäi ass dat schwéierst déi Informatiounen iwwerhaapt wouer ze huelen, mee ganz éierlech, wat soll ee soss maachen als se wouer ze huelen? Se ignoréiere, se verstoppen an der Déift vu sengem Gehir, oder einfach d'Aen zouhale bis alles eriwwer ass? Sou einfach ass dat net wann déi nei ageféiert Realitéits wiesselt Informatioun engem direkt virun der Nues setzt.

An da muss een sech och nach d'Fro stellen; Wat mécht ee mat dëser neier Realitéit? Besonnesch, an et muss een et mat immens héijer Bedeitung widderhuelen, besonnesch dann, wann een iwwert siwwenzeg Joer laang mat der aler Realitéit zesumme gelieft huet. Eng Wunneng wou ee säit Kand dra wunnt an engem dobäi Begleet bis dass een Erwuessen ass, verkeeft een och net dem Drëttbeschten.

Wat also wann ee géif engem Erzielen dass den Här Heiseng genau dat doe materlieft huet? Et ass jo net esou dass een Achzegjäregen, dee viru kuerzem seng Fra verluer huet, bei him am Gaart en faarwegt Ee fënnt an dat opzitt, als net geckeg erkläert gelt. En huet sech em dat Ee gekëmmert mat dem Rescht Léift deen en senger Fra nach wollt ginn. Et konnt him awer och kee soen dass aus dem Ee e klengen, rout gefierften Draach mat schaarfen Zänn eraus géif briechen. Den Här Heiseng hätt bal vu Verwonnerung an neiem Realitéitsbezuch, seng Fra besicht.

Awer, an dat muss een erwänen, den Här Heiseng hat eng gewësse Stäerkt déi di meescht Mënschen net besetzen; en ass en zimlech oppene Mënsch. An souguer wann en am Ufank geschléckt huet, an och villäicht e puer Deeg Mokrämp hatt, huet en den Rot erzunn. Net nëmmen huet en eng nei Realitéit entdeckt, mee och nach en Sënn. E Sënn deen en mat senger ganzer Kraaft ausüübt, bis zum Schluss vu sengem Liewen.

Villäicht ass Skeptesch sinn net schlecht, mee den Optimismus erlaabt eis Informatiounen sou ze verschaffen dass nei Dieren eis och kennen neie Sënn am Liewe ginn.

 

 

 

 




Envoyé: 19:22 Fri, 18 January 2019 par: Suglia Cosimo