All gutt Geschicht huet natierlech: e Protagonist.
An hien oder hatt, oder kee vu béiden, mee an dësem Fall ass et en hien, obwuel en sech heiansdo wéi en hatt villt.
Also, hien, dëse Protagonist muss-
Éischtens: Eppes hunn wat e wëll an eppes hunn wat e braucht.
Soe mer; hie wëll seng Rou. Mee esou einfach ass dat net. Rou ze hunn.
Rou ass awer net wat en braucht, gëtt him ëmmer erëm gesot. E braucht e bessere Wëllen. Mee de Wëllen seng Rou ze wëllen ass dach eppes wat e braucht, oder?
"Nee," seet Psychologin.
"Nee," soen seng Elteren.
"Nee," soen d'Mouken am Parlament.
"Di Wëll lafen am Bësch," kritt en gesot, an all kéiers wann en dunn am Bësch lafe geet, kritt en net säi Wëllen, mee just keen Otem.
Doheem dann, wann en am Bett leit, ass en och ausser Otem, a wann en aschlofe wëll - well en seng Rou net nëmme wëll, mee och däitlech braucht - wëll säi Gehier net, mee seng Longe brauche Loft a béid Organer streiden, wéi eng al Koppel, déi säit Joren de Wëlle vum Zesummeliewe wechgeheit hunn an am Fong eng néi Léift bräichten.
Soit...hie géif am léifste säi Gehier huelen, et an zwee rappen; et zerquëtsche wéi Püree; et wéi Gehacktes op d'Kuuscht schmieren an et de Schwäi fidderen, well dann, jo dann, huet e warscheinlech seng Rou.
Mee nee.
Wéi hie Samschdes moies aus onrouegen Dreem erwächt ass, huet en sech a sengem Bett zu engem monstréise Kiewerlek verwandelt. E louch op sengem haarden, gepanzerte Réck a wéi e säi Kapp e bëssi gehuewen huet, huet en säi bombéierten, brongen, verbéiten a steiwe Bauch gesinn, wou d'Bettdecken, déi sech net méi hale konnt, erofgerutscht ass.
Wéinstens elo wosst en, dass en seng Rou hat...
Huet e mol geduecht, bis déi éischt e-Mail vun der Aarbecht en opgefuerdert huet an den éischte Meeting ze kommen. En ass dunn opgestanen, erof an d'Kichen andeems en iwwert d'Mauer gekribbelt ass, an huet ënnert der Spull gewullt bis en den Insektegëft fonnt huet.
Dunn, a gleeft mer, dunn hat en wierklech seng Rou.
×
Zweetens: E Protagonist muss e ronnen, volle Charakter sinn an net e flaache Charakter.
Hien ass déck. En ass also theoreetesch ronn genuch. E war alt esou gebuer. Oft ass en och Voll. Zemools wann et Freides, Samschdeg, Sonndeg, heiansdo och Dënschden, Mëttwoch oder Donneschdeg ass.
Méindes muss en ausschlofen.
×
Drëttens: Eng gutt Geschicht brauch och eng markant Plaz wou se soll ofspillen.
Italien villäicht. Bon, do gëtt et zwar e Problem. Obwuel hien Italieener ass, ass en net wierklech Italieener. An Italien ass en e Lëtzebuerger. Ween och ëmmer dat decidéiert. Oft ass et säi Gehier, heiansdo aner Leit. Oder och seng Zong, déi d'Wierder am Fong kennt, mee se net richteg benotzt. Als géif Zong express him d'Been stellen an d'Wierder falen driwwer. Trëllen, jäizen, oder verschwanne souguer - flupps - an se si vum Boot gefall an dat waarmt Waasser vun der Puglia, wou ganz Träpp vu Qualle gehierlos vun der Stréimung gezu ginn.
An en wonnert sech, dass d'Lëtzebuergesch net esou en richtegt Lëtzebuergescht Wuert (elo wäerten verschidden Leit; verschidde Mouken schmunzelen, mee op Iech kënnt hien duerno och nach zeréck. Op jiddefalls, wou war hien), also, genau, esou e richtegt Lëtzebuergescht Wuert huet fir Quallen, wéi, hie weess net, Jelliskäpp, Séituuten, oder Mierespollen. An wéi en duerno am Lëtzebuergeschen Online Dictionnaire gekuckt huet, an erausfonnt huet, dass et Jelliskäpp tatsächlech gëtt, huet en sech net gewonnert.
Anersäits ass en zu Lëtzebuerg en Italieener. War schonn ëmmer esou. Méi wéi eng kéier ass en als dee vum Pizzaservice gehale ginn, an natierlech huet säi Stolz en dozou bruecht ze léieren, wéi ee gutt Pizza mécht, a wann en da verwiesselt ginn ass, huet en Deeg parat an der Posch, a mécht Pizzae besser wéi aus dem Restaurant.
Mee jo.
Lëtzebuerg.
Oh du säi Lëtzebuerg.
Kleng awer grouss a sengem Häerzen. Also. Am Fong net ganz, nee. E puer Saachen si schonn onnéideg. Zum Beispill, een Euro fir eng Stonn Parking? Oh Lëtzebuerg, du eist Lëtzebuerg. Eng richteg gutt Metapher fir dech. Wann eng Stonn en Euro wäert ass, dann ass hien - dee veraalte Jugendlechen deen en ass - genau: 227*760 Euro wäert. Ah jo. Mol net sech e Véierel vun engem Haus leeschte kënnen am Tosch mat senger Séil. Lëtzebuerg, oh du säi Lëtzebuerg.
An déi Mouken, déi richteg lëtzebuergesch Mouken, déi esou iwwert Kultur decidéieren a schwätzen, als wären se déi ultimativ Instanz; als wären se selwer d'Reegelwierk vun der Traditioun; d'Gard vun deem wat Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch mécht. Mat hirem Hämmelsmarsch, Sprangprozessioun, Kniddelen a Mettwurschten, ah, an natierlech net ze vergiessen: d'Sprooch. Oh Lëtzebuergesch, du schei Sprooch.
Jelliskäpp.
Pimpampel.
Mouk.
Mouk.
Mouk.
Wann een et of genuch seet, gëtt ee selwer zu enger. Oh Lëtzebuergesch, du schei Sprooch. Du nei Sprooch. Nach viru kuerzem waars du Däitsch. Onst Däitsch, wann hien sech esou frech matzielen däerf - him egal op déi Mouken sech elo doweinst opblosen. Lëtzebuergesch, du waars am Fong esou wéi hien. Net wierklech Däitsch; net wierklech Lëtzebuerger. Kanns de der Virstellen, dass do elo esou Mouke mengen et hätt een dech schonn am Mëttelalter geschwat? Schumme missten déi sech, esou al gesäis de nach net aus, thank you very much.
Hien weess, dass du Stolz dorop bass esou Jonk ze sinn. Eng richteg Jugendkanoun. An et gëtt nach villes wat s du probéiere wëlls, gell? Sief et d'franséischt Zäertlechkeet, déi däitsch Frëndschaft, d'englesch Kompetenz, den italieneschen a portugisesche Charme, oder dech ze schminke mat wonnerschéi Geschlechterstären - et gëtt nach esou vill mat wat s de spille wëlls. Lëtzebuergesch, oh du säin Lëtzebuergesch.
"Sollen se dach op de Mokuchsdag kucke goe wou de Peffer wiisst," jäiz de hinnen hannendrun.
Richteg esou.
×
Véiertens: Elo geet et drëms déi genau Zeen ze definéieren.
Hien géif am léifsten eng Stad dofir hunn.
D'Stad selwer villäicht net. Jo, se ass schéin an huet Geschicht, a vill deier Butteker, déi de Kapitalismus fërderen, an esou d’Ongläichheeten a Prada kleeden, mee, d'Stad mécht en traureg. Ëmmer wann en Owes, sief et Freides, Samschdeg, Sonndeg, oder och heiansdo en Dënschden, Mëttwoch oder Donneschdeg, iwwert d'Adolphe-Bréck träntelt, héiert en eng Stëmm no him ruffen. Am Ufank duecht en et wier d'Gëllefra déi mat him Heem wollt, mee nee. Duerno duecht en et wier d'Melusina, deem et kal war, do ënnen an der Uelzecht, mee nee. Et war d'Bréck selwer. D'Madamme Adolphe. Se huet et léiwer wann een se d'Adi nennt. Dass wouer dass een ni de Brécke selwer Freet wéi se am léifsten heeschen. De Problem bei der Adi ass, huet hie gemierkt, se ass déck fein am Ufank, mee soubal een hier ze no kënnt, freet se him op e sprange wëll, an da rennt en am léifste schnell op d'Gare éier en de leschte Bus Heem verpasst.
Esch ass villäicht déi besser Destinatioun. Et gefält him zu Esch. Jo, et ass villäicht méi hëtzeg, hektesch, de Parking ass knapps, an dass net alles esou angeneem inzenéiert wéi an der Stad. Hei spillt kee falsch. Zu Esch sinn se wéi se sinn.
An net nëmmen dat, mee Esch ass de richtegen Tuerm vu Babbel. Oft sëtzt en sech op der Terrasse vum Pitcher, a kuckt den Jugendleche no. Genau, e veraalte Jugendlechen kuckt deenen Jugendlechen no wéi se jugendlech sinn. An se sëtzen do, saufen, nennen sech géigesäiteg Gars, obwuel se kee Gars sinn, mee se laachen. Se laache vu Freed. Se laachen iwwert d'Liewen. An se schwätzen och iwwert Liewen, op egal wéi enger Sprooch, mee am meeschten op Lëtzebuergesch an se verstinn sech och. Hier Zongen trëllen, de ganzen Zäit, mee dass hinnen egal. Wat se wëlle maache mat hirem Liewen ass kloer. Vu wou se kommen ass kloer. Well si, genau esou wéi hien, sinn Auslänner zu Lëtzebuerg, a Lëtzebuerger am Ausland.
Wann hien dann esou driwwer no denkt: Wat bekloen sech iwwerhaapt all déi Mouken, dass d'Land iwwerrumpelt gëtt mat Auslänner? Soubal se all d'Land verloossen, sinn se Lëtzebuerger. Wéi déi meeschte Mouken och.
×
Fënneftens: All gutt Geschicht brauch e gudde Schluss.
Den Ënnerscheed awer tëschent him, oder de Jugendleche vu virdrun, an enger lëtzebuergesch Mouk ass, wann hien an Italien an d'Campagna fiert, kann hien seng Pizza a Wäin ouni Problem op Italienesch bestellen - hien ass dee Moment e Lëtzebuerger dee fléissend eng aner Sprooch kann. En gëtt zu engem impressionanten, memorabele Lëtzebuerger - e Lëtzebuerger deen iwwert Lëtzebuerg; iwwert d'Land a Kultur an Traditioune mam Italiener schwätze kann.
Et stellt sech also d’Fro:
Ass hien dann net automatesch e Lëtzebuerger dee besser Drun ass, wéi esou eng lëtzebuergesch Mouk, déi guer net iwwert hiert eege Land op enger anerer Sprooch schwäerme kann?
Well, am Fong, eng Mouk déi aner Mouken net versteet, ass näischt aneres wéi e Fräsch.