Retour

Catena Karma

Wa méng Kanner grouss sinn

 


Ech färten. Ech färten wann ech Kanner kréien a si dann näicht méi hunn
Well dann ass alles verflunn mir hunn oofgerappt, zerbomt, zerrappt a futti geklappt
Mee gi mer wierklech net méi wäit?
Kloer mir lierwen elo en net dono, mir lierwen am Moment an et ass näicht wou eis ophällt
Mee ech färten, dass wann ech Kanner a si da blann sinn,
Net dass hier Aen net méi fonktionéieren, mee dass se näicht méi gesinn, trotz hieren Aen
Ech färte si gi Faarweblann wëll Stëps an Niwwel firun hinne schwierft
Si gesinn net we firun hinne steet wëll se just gesinn waat en undeet an héieren och net waat hie seet,
Si geisnn net ëran an hien wëll et huet zë vill Stëps gereent an d'Ambiance ass zë vill verpecht
Keen huet méi Hoffnung a jiderengem geet et schlecht
De lächte Baam ass oofgeholzt, déi lächte Baach ass ausgedronk an de lächte Vull deen huet scho laang gepaff
Ech färten, dass mer net méi wäit gesinn, och wann eisen Horizont erweitert gëtt wëll elo kéng Beem méi do am Wee stinn
Wa méng Kanner grouss sinn
Mee daat alles ass jo nëmmen hallef esou wëll, well mir lierwe jo elo an dono si mer scho laang  net méi do
Ei déi Wisse waren esou schéi gréng an den Himmel haat esou e schéint Blo
Ech färten. Wa méng Kanner grouss sinn, wësse si dann nach waat Waaser ass, waat Beem sinn, waat Déieren sinn, wësse si dann nach waat schreiwen ass, wësse si dann nach waat lierwen ass?
A wéi gär géing ech hinnen eng kéier dee schéine Bësch vu Boudler weisen, mee et ass jo kloer, mir brauche jo Pabeier a kéng Beem
Wéi gäre géing ech hinne weisen wéi schéin de Fësch am Waaser schwëmmt, mee ne mir brauche jo Plastik a kee Fësch
Déi Bei do hannen déi flitt esou schéin, ech wënsche mer dass méng Kannt déi och eng kéier gesinn.
Ech färten awer kee Reiber a kéng Mustik , mee CO2, FCKW an DDT, ech hunn Angst firun eiser net ganz esou onentlëger Onentlechkeet, firun eiser ignoranz a firun eisem Onbewosstsinn
Ech géing gäre ménge Kanner eng Wiss mat Kéi weisen, mee mir brauche jo Hamburgeren a kéng Kéi
Ech färten dass méng Kanner keng Mënsche méi gesinn mee Smog, deen eklëschen offgegastene Gas
Ech färten, dass eisen Ego vill zë wäit geet, an de Moment an deem mer liewen, awer vill zë schnell vergeet, an et et henno awer net dowärt war
 
Ech wees et dauert nach e bëssen, mee ech hunn schon ugefaangen eng Lëcht un den Kleeschen zë schreiwen
Léiwe Kleeschen, ech hunn es genuch mat Pessimuss ech wënsche mer elo mol e bëssen Idealissmus
Ech wënsche mer Verstannt an en Duch fir d'Brëller zë Botzen
Ech wëll Gläichberechtegung a Gerechtegkeet
Ech wënsche mer Leit mat éngem Geecht fir zë käpfen, ouni Waffen unzëpaaken an Leit déi u hier Kanner dénken wann se eppes maachen
Ech wëll Matmënschen, déi och matdénken, Leit déi aus der Këscht vun hierem Ego eraus sprangen
Ech wënsche mer Beem ouni Pabeier, eng Kou ouni Fleesch, e Mier ouni Plastik an en Daag un deem et reent
Ech si fir Leit mat motivatioun, wëll et sinn déi di mer elo brauchen, wa mer wëléen mat eise Kanner an de Bëch goen




Envoyé: 06:59 Wed, 23 March 2016 par: Catena Karma