Retour

Spedener Florence

En Auszuch aus engem ganz normalen Dag



Salut, ech sinn de Mike an ech wollt Iech all mol bëssi zielen, ewéi mäin Dag sou ofleeft. Et ass lo näischt mega Spektakuläres mee villäicht awer interessant. Dat iwwerloossen ech ganz iech. Also, ech wunnen säit véier Joeren mat zwee Matbewunner zesummen an engem Haus ausserhalb vun der Stad. Hei ass et gréng an ech muss soen, dat gefält mer well besser, wéi déi Plattenbauten oder riseg Firmegebaier, déi engem d’Loft fir ze otmen huelen an déi een jo scho bal klaustrophobesch maachen. Abee gutt, also meng Matbewunner sinn d’Charlie an de Rob. Si sinn eng Koppel mee streiden sech nawell dacks. Meeschtens dréint sech dat Gestreids em den Toilettendeckel, deen hien rëm net erofgemaach huet oder d’Wäsch, déi ënnert hirem Bett vergammelt an hien ze liddereg ass fir se an d’Wäschmaschinn ze maachen. Ech hunn domat kee Problem, ech sou als Jonggesell. Heiansdo erbaarmen ech mech och senger an droen vereenzelt Strëmp fort fir de Koup vu Kleeder méi kleng ze maachen. Ass fein vu menger Säit fannt der net och?

Ech gouf oft vu menge Kollege gefrot: „So Mike, ass et net ustrengend sou mat enger Koppel ënnert engem Daach? Fills de dech net heiansdo wéi dat drëtt Rad?“ Éierlech gesot hunn ech heiansdo d’Impressioun si géife vergiessen, dass ech och do wunnen mee dann gëtt eemol méi haart „MOIEN“ gesot an dann gi se ganz rout an entschëllegen sech a froen mech wéi mäin Dag dann sou war.

Wat ech schaffen? Majo, dat ass schwéier ze erklären. Ech géif soen ech hu mech zimlech séier selbstänneg gemaach wou ech doheem fortgaang sinn an hu lo een Vollzeitjob als Türsteher? Ech kennen den Fachausdrock net, mee ech mengen Türsteher oder Aufpasser passe gutt. 

Mäin Aarbechtsdag fänkt well fréi moies un. Ech ginn um 5 Auer wakereg. Ganz ouni Wecker versteet sech, sou als Schaffdéier hues de iergendwann ee Wecker an der dran. D’Charlie ass dann och well op a mécht Kaffi. Ech bleiwen beim normale Waasser. Kéint dat däischtert Gesëffs moies net hunn, do gëtt meng Nues jo well bal hyperaktiv nëmme vum Geroch. De Rob schléift em des Zäit ëmmer nach, hie muss als Schoulmeeschter réischt um 8 an der Schoul sinn, mee d’Charlie huet Fréischicht an der Klinik an do kann hatt sech dee Luxus mam Leiebleiwen net leeschten. Ech leeschten him moies gär Gesellschaft awer mir schwätzen net mateneen. Hatt kuckt d’Noriichten iwwert säin Ipad an ech raschten nach a bereeden mäi Kierper op de Schaffdag fir. Iergendwann dann mécht hatt Dier fir mech op. Et ass sou ee Léift, mee heiansdo mengen ech, hatt denkt ech wier well ze al fir verschiddenes selwer ze maachen. Wéi wann et ee Konschtstéck wier eng Dier opzemaachen! Mee hatt mengt et nëmme gutt.

Dobaussen ass et em des Auerzäit nach däischter a kal, mee mir mécht dat net vill. Ech trëppele mäin Tierchen a ginn dann rëm zréck an d’Haus an hoffen hatt huet net gesinn, dass ech par Accident op seng deier Tulp gepisst hunn. Wee weess, villäicht gëtt dës Blimmchen lo extra gutt? Wéi ëmmer wann ech erëmkomme, mault hatt mat senger Pesperstëmm, dass ech rëm d’Haus mat dem Bulli knaschteg maache géif. Dobäi passen ech ëmmer nach gutt op, ëmmerhinn well och ech, dass et propper bleift mee dat bësschen Buedem um Teppech geet ëmmer well duer, dass d’Charlie mech ukuckt wéi wann ech seng deier Vasen aus dem 2. Stack gehäit hätt. 

Nodeems hatt mech wéi all Moien zesummegefaalt a vernannt huet, fiert et mir eemol duerch d’Hoer, hellt seng Schlësselen a geet schaffen. Et ass wierklech net einfach mat deem pingelegen Framënsch mee iergendwann ass een ze al fir sech iwwer alles opzereegen. Ech denken ech hunn nach bëssi Zäit fir d’Aen zouzemaachen bis de Rob kennt a mat mer lafe goe well. Dorobber freeën ech mech ëmmer. Ech si villäicht net méi ganz jonk mee lafen maachen ech ëmmer nach gär. De Rob wielt d’Streck ëmmer aus, mee heiansdo leeft hien mir och einfach blannemännerches no. Des Lescht huet hien mech versäckelt, well mer herno iergendwou an der Pampa waren. Dobäi war de Wee zréck nu wierklech keng Hexerei. Ech hunn ee gudden Orientéierungssënn muss ech hei soen. Mee dem Rob dat ze erklären? Ohmei nee. Dat géifen nëmmen Diskussioune ginn. Dobäi war säi Gesiicht wéi hien sech gréng a blo geiergert huet, wierklech witzeg gewiescht.

The man in question, kennt lo mol Trape erofgedrëpst, grommelt well d’Charlie Luucht fir mech ugelooss hat. Ass seng Routine. Genau wéi säi Wee bei d’Kaffismaschinn. Mee dann léiwer de Kaffi wéi dat Gefëmms viru Joeren. Ech kennen den Rob lo well laang an hu well mat him zesummegewunnt bevir d’Charlie koum. Mir waren zwee Jonggesellen, déi gutt funktionéiert hunn, mee ech wosst, dass deen Typ iergendwann eng Fra bräicht. Hien huet sech ze vill goe gelooss an wéi déi Bud hei virdrun ausgesinn huet, dat wëllt ech iech mol net beschreiwen. Et hätt een eis Bud  bei der Messi-Sendung op der Telé weise kënnen. Mee ech mengen déi Leit hätten dat mol net hinkritt, et huet bei eis gestonk wéi wann iergendeppes verweesst wier. Eisen Locataire huet sech mol net méi erobgetraut bei eis, mee dunn iergendwann hunn ech d’Charlie bei eisem Gerenns enges Moies getraff an et ugeschwat. Hatt war mer direkt sympathesch an gutt geroch huet et och. Mee am Verglach zu dem Dreckslach wou mer gewunnt hunn, hätt souguer d’Unterführung zu Ettelbréck besser geroch. Mir haten eis wierklech ze vill goe gelooss.

Lange Rede kurzer Sinn, hatt ass mam Rob zesummekomm an si sinn lo mengen ech zwee Joer bestuet. Ech kucken vu mengem Teller op a gesi wéi mäi beschte Kolleg seng knaschteg Spull einfach an de Lavabo stellt a ropgeet fir sech unzedinn. Deen Hännes. D’Charlie wäert well rëm d’Mauer roplafe vu Roserei wann hatt dat gesäit. Hien ass einfach een Lidderhanes.

Mat enger Joggingsbox an engem schwaarze Plover trëllt en herno Trape rof. Ok, ech hätt villäicht mäi Ball net do solle leie loossen, mee am Stress vergësst een sou Munches. Ech si frou, dass en déi normal Box unhuet, nodeems ech dee Frevel vu Sportswear, deen sech neongréng Leggings nennt, erfollegräich zerstéiert hat. Ech hätt mech jo geschummt nieft sou eppes ze lafen. Ech hunn och een Ruff ze verléieren!

„Allez Mike, gees de mat?“

War dat do lo säin Eecht? Ech soen näischt. Ech hoffen dat war eng rhetoresch Fro. Et ass nach ze fréi fir vill ze schnëssen.

Mir ginn aus dem Haus an trabe gemittlech Richtung Park. De Rob lauschtert wéi all moies seng Musek a rifft mech all Kéiers e bësse genervt wann ech stoe bleiwen wann ech eppes interessantes fannen. Ech wäert hien ni verstoen. Do stécht en sech ëmmer déi däämlech Stepp an d’Oueren a leeft einfach blann an daf duerch des Welt ouni mol stoen ze bleiwen an ze kucken an ze lauschteren. Mee net nëmmen de Rob ass sou. Ohmei nee. Mir begéinen op eisem Tierchen wéi ëmmer déi selwecht Leit. Mee alles leeft sou elle gebéckt, de Bléck op hiren Handy fixéiert wéi wa se deen fir ze otmen bräichten. Et ass einfach nëmme lächerlech.

Op enger Bänk setzt een eeleren Här, deen mir all moies begéinen. Hien huet rëm eng Zeitung am Grapp a kuckt heiansdo op vu senger Lektür fir säi Bléck ronderemgoen ze loossen. Hien ass mer sympathesch. Dat kéint natierlech och dru leien, dass hien mer ëmmer eppes Klenges ziesse matbréngt. Net dass ech lo heesche ginn. Dat hunn ech net néideg, ech laache fein, ruffe „Moien!“ an hien gëtt mer einfach eppes Klenges. Sou wéi ee Bop engem eng kleng Séissegkeet zoustécht wann en rëm eemol op Besuch kennt. Ech kann mech net u meng Grousselteren erënneren, ech mengen déi ware well verstuerwen wou ech op d’Welt koum an duerfir sinn ech och ëmmer frou deen alen Här ze begéinen. De Rob seet kuerz Moien a leeft dann wieder. Hien well net stoe bleiwen, dat kascht Zäit an déi schéngt hautdesdaags keen méi ze hunn. Ech soen dem eeleren Här Äddi an tommelen mech fir de Rob net ze verléieren. Deen géif sech rëm nëmmen onnëtz opreegen wann en mech net direkt nieft sech wësse géif. 

Mir begéinen och e puer vu menge Kollegen.Verschiddener gesinn nach richteg verpennt aus während anerer wuel de Moien ze vill Kaffi inhaléiert hunn a ronderemsprangen wéi een Hoppsball. Dat leet sech mam Alter denken ech mer. Viru Joeren war ech och nach sou motivéiert, mee lo geet alles bëssi méi roueg. Ech soen hinnen Moien a wëll well wieder, mee bleiwen awer beim Elvira hänke well et zimlech traureg ausgesäit. Hatt ass net sou motivéiert beim Lafe wéi all Moien. Natierlech kann ech d’Joffer net einfach ignoréieren a ganz ellen ass et och net wann ech éierlech soll sinn. Dat motivéiert mech natierlech den Rob mol einfach bëssi lafen ze loossen.

“Salut Mike, well rëm um Lafen? Ass de Rob gutt drop?“

“Jo ca va, du weess wéi dat heiansdo ass. Hien knoutert rëm vill mee Haaptsaach en beweegt sech méi. Mee du gesäis aus wéi wann s de deck de Latz häss. Alles an der Rei?“

„Fro léiwer net. Meng Matbewunnerin d’Jess, du weess jo ween ech mengen ne? Hatt schafft de Moment einfach ze vill a schléift guer net méi richteg. D’Haus doheem ass op der Kopp, mir kréien eis vir alles an d’Hoer. Gester wéinst Traatschen an der Fënster. An dobäi reegt hatt sech ëmmer op wann ech déi Mécken net futti maachen an dann wann ech et maachen ass et och net gebroden. Des Lescht sot et nach aus Roserei, et géif iergendwann eng Kaz uschafen, wou hatt dach weess, dass ech déi Béischter net ausstoe kann. Ech hunn deck d’Flemm.“

„Eng Kaz? Ass hatt geckeg? Wat hunn eis Leit de Moment? De Moien loung Charlie mer och an den Oueren wéinst dem bëssen Buedem op sengem Teppech. Mee waard mol of, et ass wahrscheinlech nëmmen ze vill gestresst. Dat gëtt sécher rëm besser. A wann net, dann kenns de einfach bei mech. D’Charlie an de Rob hu sécher näischt géint nach ee Matbewunner.“

Hatt laacht.

„Mike du bass dee Charmeur. Mee villmools Merci, dass de mir nogelauschtert hues. Dat huet mer lo well bëssi gehollef. A lo maach dech bäi soss hëls de de Rob net méi an.“

Hatt huet Recht an ech muss rëm bëssi Gas ginn fir mäi Kolleg net aus den Aen ze verléieren. Ween weess wou en soss iergendwann a sengem Hallefschlof gelant wier. Heiansdo froen ech mech wat hien eemol ouni mech maache géif. 

Mir lafe stomm niewenteneen an ech genéissen einfach déi gutt frësch Loft an wéi d’Sonn lues a lues eropklëmmt an eis wiermt. Wéi all Moien komme mer pünktlech rëm heem an de Rob leeft sech rop duschen a prett maachen fir d’Schoul an ech maachen et mer op der Couche bequem. Mäi Schaffdag huet nach net ugefang an ech hunn nach bëssi Schlof iwwereg. Mee ech kommen net richteg un. Dem Elvira seng Geschicht léisst mech net mat Rou. Ech wënscht ech kéint him iergendwéi hëllefen, mee ech weess, dass hatt do net einfach sou fortkann. Elvira an d’Jess kennen sech lo well soulaang wéi ech de Rob kennen. Dat ass eng laang Zäit an dat léisst sech och net einfach sou ofschléissen wéi eng Commande beim MacDonalds. Do fiert een net einfach fort mat engem Merci an ouni sech ëmzekucken. Dat geet einfach net.

De Rob ass iergendwann prett fir schaffen ze fueren. Ech soen him léiwer net, dass hien well rëm zwou verschidde Strëmp unhuet an ee vu sengen Stréckelen ugeknat ausgesäit. Dat sollen d’Schoulkanner roueg maachen an dann hu se och eppes Klenges fir ze laachen.

Hie kennt bei mech, leet mir d’Hand op de Kapp an heemelt mech.

„Allez mäi Groussen. Ech si schaffen. Pass gutt op d’Haus op.“

Ech billen an hien laacht ier en aus dem Haus geet.

Jo, ech billen. Ech sinn den Oppassert vun eisem Haus an ech sinn zimlech gutt a mengem Beruff an jo, ech sinn een Hond.




Envoyé: 12:10 Wed, 2 March 2016 par: Spedener Florence