Prix Laurence - Bettembourg Prix Laurence 2020 - Luxembourg
 loading...

Prix Laurence 2020

Reuter Pit - Däiwelshänn





Elo sëtzen ech erëm do

Am Eck a bestrooft

Meng Hänn si ganz blo

D’ Hoer esou lues gro

 

An der Loft puer Verzweiflung

Well kee Mensch ass nach do

Ech sëtzen ganz eleng

A wëll elo gläich goen

 

Ech kréie mech net beweegt

Meng Muskelen si gefruer

Mäin Häerz ass opgeweecht

Meng Gedanken si verluer

 

Meng Pupillen si ganz grouss

Meng Aen scho ganz dréif

Vum Kapp bis de Fouss

D’ Angscht sëtzt déif

 

Panik brécht elo aus

Ech weess net méi wat maachen

Ech wëll aus mengem Kierper eraus

Dem Däiwel aus dem Arem

 

Kales leeft de Réck erof

Meng Hänn zidderen schlëmm

Ech hoffen ob Hëllef

An dat elo geschwënn

 

Ech falen nach zesummen

Sacken an mech eran

D’ Realitéit ass verflunn

Hu vun guer näicht mei ee Plang

 

D’ Waasser an den Aen

Net eng Drëps mee ee Mier

Ech hoffen dass een Albdram

Kontroll läit net bei mir


 

2X Refr.

Fir Stonnen a Sekonnen

Sinn ech an Däiwelshänn gebonnen

Mäin glécklecht Gesiicht

Ass einfach eseou verschwonnen

 

Mäin Bléck ass verschollen

Mäin Häerz huet grouss Wonnen 

Dat kritt een net verbonnen

An och net iwwerwonnen

 

Ech waarden ob Erléisung

Wëll dass endlech nach een kënnt

Dass ee mech eseou schnell wéi méiglech

Aus deem Zoustand hëlt

 

Alléng kommen ech net eraus

Mäin Otem stoppt erëm

Gedanken gi méi schlëmm

Kal Hänn zidderen

 

Dat schlëmmt kennt erëm no

An ech setzen nach do

Ech sollt eigentlech wech lafen

D’ Lëpsen si scho blo

 

Wat soll ech nëmmen maachen 

D’ Hoffnung ass zerschlo

Meng nei Narben am Häerz

Bereien ech dono

 

Ech kann net iwwerleeën

De Schock ass vill ze grouss

All déi wichteg Mënschen

Hunn mech erëm verlooss

 

Meng Tréinen lafe weider

Ech sinn zou näischt méi an der Laach

Mäin Häerz erlieft grad

Säin lëschten Häerzschlag

 

2X Refr.

Fir Stonnen a Sekonnen

Sinn ech an Däiwelshänn gebonnen

Mäin glécklecht Gesiicht

Ass einfach eseou verschwonnen

 

Mäin Bléck ass verschollen

Mäin Häerz huet grouss Wonnen 

Dat kritt een net verbonnen

An och net iwwerwonnen



 




ageschéckt den: 21:30 Mon, 16 March 2020 vum: Reuter Pit

Zeréck

Matmaachen

Maach elo hei mat
beim PRIX LAURENCE 2020


Verlängerung bis den 23. Abrëll, Mëtternuecht!
 

Mäin Text eraschécken


Recherche

Neiegkeeten

Wéi kann ech matmaachen?

 

 

Flyer 2019

 

Download Dépliant 2020

 

LiteraTour 2020


Coronavirus
Dee ganze Festival am Ament
AM SUSPENS! An den Hierscht 2020 verluecht.


De Lies-Festival fir Iech all!
BeeteBuerg - BicherBuerg


8. Editioun vum LiteraTour a
6. Editioun vum Prix Laurence

Liesenswäert!
Déi 3 Anthologien vum Prix Laurence 2015/16, 2017 an 2018.
Dir kritt se am BicherKueb zu Beetebuerg.
 

Books

Kënnt am Abrëll 2020 eraus:
D'Anthologie vum Prix Laurence 2019.

www.literatour.lu

*  *  *

Kleng Lecture, déi Iech vläicht weiderbréngt:


SALLY ROONEY

-  Gespräche mit Freunden
Roman, Luchterhand, 2019


OCEAN VUONG

-  Auf Erden sind wir kurz grandios
Roman, Hanser, 2019


TOMAS ESPEDAL

-  Bergeners
Matthes & Seitz Berlin, 2018


ANOUK MAHR
mat 15 Joer
3. Präis beim Prix Laurence 2016


-  Lautlos
Roman, éditions guy binsfeld, 2019


POL SCHMOETTEN

-  Holland träumen
Lyrik, éditions guy binsfeld, 2019


JOSIANE WEBER

-  Marie Adelheid
Eine politische Biografie (1912 - 1919)
éditions guy binsfeld, 2019


GRAND TOUR
Reisen durch die junge Lyrik Europas

-  Hrsgb. F. Italiano, J. Wagner
Anthologie, Hanser, 2019


POESIE

-  Hrsgb. N. Gomringer, M. Beyer
Anthologie, Voland & Quist, 2018

GRACE PALEY

-  A Grace Paley Reader
Stories, essays, poetry

Farrar, Straus and Giroux, 2017

-  Manchmal kommen ...
Gedichte, Schöffling & Co, 2018

RON PADGETT

-  Die schönsten Streichhölzer der Welt
Englisch - Deutsch, mit den Gedichten
aus Jim Jarmuschs Film Paterson
Dieterich'sche Verlagsbuchhandlung, 2017

STEFFEN POPP (Hrsgb.)

-  Spitzen
Gedichte. Fanbook. Hall of Fame.
edition suhrkamp, 2018

SARAH KIRSCH

-  Sämtliche Gedichte
DVA, 2013

-  Gesammelte Prosa
DVA, 2006

-  Sarah Kirsch u. Christa Wolf
Wir haben uns wirklich an allerhand gewöhnt
Der Briefwechsel, Suhrkamp, 2019

GUNTRAM VESPER

-  Tieflandsbucht
Die Gedichte, Schöffling, 2018

ANTHOLOGIE BEAT ATTITUDE

-  Femmes poètes de la Beat Generation
éditions Bruno Doucey, 2018

TAHA MUHAMMAD ALI

-  An den Ufern der Dunkelheit
Gedichte aus Palästina
Fischer Taschenbuch, 2013


SERHIJ ZHADAN

-  Warum ich nicht im Netz bin
Gedichte und Prosa aus dem Krieg
Suhrkamp, 2016


HAIKU ANTHOLOGIE

-  Das Buch der klassischen Haiku
Hrsgb. Jan Ulenbrook
Reclam, 2018

 


Auteuren 2020

Archiv

Lescht Texter vum Concours

Buried Thoughts

Erageschéckt: 23:50 Mon, 16 March 2020


I feel the pain, it's breaking me, I'm standing...

méi liesen...

falling tide

Erageschéckt: 22:58 Mon, 16 March 2020


pretty waves of concrete, bury me under your...

méi liesen...

Je suis tout ça et plus encore

Erageschéckt: 22:34 Mon, 16 March 2020


Je suis l'embryon mort dans son oeuf...

méi liesen...