Prix Laurence - Bettembourg Prix Laurence 2018 - Luxembourg
 loading...

Prix Laurence 2018

Kieffer- Celia - Ze spéit





Schonn ass d’Zäit komm fir spatz Schanken
a fir kahl Käpp vun den aarme Kranken,
mat groe Kapen a groussen Top’en
oder weit geschnidd’ne Boxen ze verstoppen.
Zäit, fir dass ënnert dem Schied vum midde Bléck
sech tëscht zwee midde Mondwénklen en Laachen zéckt
dat net méi ausseet, wéi en Abschid am Viraus.

Ech weess genau, ech kann et net verhënneren:
A meng neuronal Bänn vun der Erënnerung
wäerten sech geschwënn nei Biller vun dir schläichen
No an no wäerten se sech ëmmer méi gläichen,
wäerten sech vermëschen a verzerren, Daach
fir Daach, bis ech net méi kann erkennen,
wat wierklech alles echt gewiescht
an ... wat eigentlech net wierklech war.

An däi Liewen wäert fir mech net méi sinn,
wéi eng Sequenz déi ech ëmmer rëm duerchginn
déi ech Nuecht fir Nuecht a mengem Kapp ofspillen
bis ech mech dir endlech rëm méi no ka fillen.
Et wäert net méi sinn, wéi just déi kroop'leg Skizz
déi ech mir ëmmer erëm nei ageritzt
wäert hunn, mat all menge Fehlinterpretatiounen,
mat menge simplisteschen Abstraktiounen
vun deem Ganzen dat's du ei’ntlech bass
Dovunner hunn ech esou vill verpasst
an nach méi soll mir verweigert sinn.

Weider ze existéiere wéi bis elo – just ouni dech:
dat Gefill rappt mech auseneen a frësst mech
op. Et entsteet en eidele Raum a mengen Ënn’ren
en neit mentaalt Graf un deem ech mech ëm dech këmm’ren
an an deem ech dech deemnächst mat gréisstem Frust,
schlussendlech och begruewe muss.
Heimatt soen ech dir Äddi, éierend ech keng Chance méi hunn.
 




ageschéckt den: 01:31 Thu, 8 February 2018 vum: Kieffer- Celia

Zeréck

Matmaachen

Maach elo hei mat
beim PRIX LAURENCE 2019


bis den 18. Mäerz 2019.

 

Mäin Text eraschécken

Recherche

Neiegkeeten

Wéi kann ech matmaachen?

 

 

LiteraTour 2018


vum 19. bis den 29. Abrëll 2018
zu Beetebuerg

De Lies-Festival fir Iech all!
11 Deeg BeeteBuerg - BicherBuerg


6. Editioun vum LiteraTour a
4. Editioun vum Prix Laurence


E schéine Succès!

Prix Laurence 2019
hei, vum nächste Juni un!

Elo do:
D'Anthologie mat de Finalisten a Laureaten vum Prix Laurence 2017.
Dir kritt se op der Gemeng Beetebuerg.

Och nach ze kréien:
D'Anthologie mat de Laureaten vun 2015 an 2016!

www.literatour.lu

*  *  *

Kleng Lecture, déi Iech vläicht weiderbréngt:


HELMUT BÖTTIGER

-  Wir sagen uns Dunkles
Die Liebesgeschichte zwischen
Ingeborg Bachmann und Paul Celan
DVA, 2017


LIZE SPIT

-  Und es schmilzt
Roman, S. Fischer, 2017


JÜRGEN BECKER

-  Graugänse über Toronto
Journalgedicht, Suhrkamp, 2017


LILY BRETT

-  Wenn wir bleiben könnten
Ausgewählte Gedichte, englisch & deutsch
insel verlag, 2014


CHARLES SIMIC

-  Picknick in der Nacht
Gedichte, Hanser, 2016


SERHIJ ZHADAN

-  Warum ich nicht im Netz bin
Gedichte und Prosa aus dem Krieg
Suhrkamp, 2016


HAIKU ANTHOLOGIE

-  Hrsgb. H. J. Balmes
Fischer TaschenBibliothek, 2016


KATE TEMPEST

-  Brand New Ancients
Gedichte, Suhrkamp, 2017

-  Hold Your Own
Gedichte, Suhrkamp, 2016

-  Worauf du dich verlassen kannst
Roman, Rowohlt, 2016

LUC SPADA

-  Fass mich an
Beats, Punchlines, Bitchmoves
éd. g. binsfeld, 2017


ISABEL SPIGARELLI

-  Nichts zu danken
Roman, éd. Saint-Paul, 2016


NICO HELMINGER

-  Autopsie
Roman (op lëtz.), Ultimomondo, 2014

-  Abrasch
Poesie, éd. phi, 2013

GEORGES HAUSEMER

-  Fuchs im Aufzug
Erzählungen, capybarabooks, 2017

KREMART

-  Déi 20 kleng Bicher am "Schuber"
aus der Collectioun smart
Erzielungen, éd. Kremart, 2017
 


Auteuren 2018

Archiv

Lescht Texter vum Concours

Carpe Nova Vita

Erageschéckt: 23:46 Mon, 19 March 2018


Wir schreiben das Jahr 2012 seit einem Monat. ...

méi liesen...

Es gibt kein Planet B

Erageschéckt: 23:19 Mon, 19 March 2018


Mutter Erde war grosszügig, man kann nicht klagen

méi liesen...

Unerwartete Begegnung

Erageschéckt: 23:04 Mon, 19 March 2018


"Eine neue Nachricht", meldet mein Handy. ...

méi liesen...