Retour

Radzina Aleksandra


Ech kann dat net

,,Ech kann dat net"

 

,,Dat kann ech bestëmmt och net"

 

,,Ech KANN dat NET an ech kéint et och net…"

 

,,Mais ompfong, wat ass do net ze kennen?" 

 

,,Ech kéint dat net" seet meng Stemm zu mir wann eppes Neies ufänkt.

 

Mais… Moment… Soen ech mir dat selwer, oder sot dir mir dat?

 

,,Du schaffs mat Babyen? Ech kéint dat net. De ganzen Dag dat gebläert a gekrasch"

 

,,Du schaffs mat Kanner? Ech kéint dat net. De ganzen Dag hinnen hannendrun ze lafen an Nues ofzebotzen an hinne fir all Stonn e ganze Plang ze erstelle wat se wéini, wou ze maachen hunn, sou organiséiert kennt ech net sinn."

 

,,Du schaffs mat Jugendlechen? Ech kéint dat net. Deen Pubertéitsdrama a wei se rebelléieren ass mer ze ustrengend. ,,So wie schwätzt du mat mer? Hues du da kee Respekt fierun den äleren Leit?"

 

,,Du schaffs mat Mënschen mat Beanträchtegung? Ech kéint dat net. Hinnen nozekucken wei se eppes esou Einfaches net kapabel sinn fir hinzekréien, dofir hätt ech keng Gedold."

 

,,Du schaffs mat ällere Leit?" Ech kéint dat net. Hinnen den ganzen Dag hier langweileg Geschichten nozelauschteren, dofir hat ech keen Ouer.

 

An als ob dat net genuch wier, sot dir mir:

 

"Du bass midd? Sou ustrengend kann dat dach guer net sinn."

 

,,Du spills dach nëmmen den ganzen Dag, rapp dech mol zesummen, di aner Beruffer hunn et mei schwiereg als du"

 

,,Du hues stress? Mat wat muss du dech stressen, du bass kee Proff dee säin Cours zäitlech duerchhuelen muss?"

 

,,Däin Beruff ass dach mega easy peasy, dofir muss ee mol naicht kennen, ass dat iwwerhaapt e Beruff?"

 

,,Du hues bestëmmt vill Vakanzen"

 

,,D'Eltere kennen net mei schlëmm sinn"

 

,,Kanns du mer mol soen wie ech mäin Kand ze erzéien hunn?"

 

,,Wann d'Kand kräischt, dann hues du bestëmmt en Feeler gemaach"

 

,,Du bastelt a mools dach de ganzen Dag"

 

,,Et sinn dach nëmmen d'Hormoner"

 

,,Dass dach nëmmen di al Generatioun"

 

,,Dass dach nëmmen e Kand!"

 

Grad eben net… et ass esou villes mei wie nëmmen e Kand… Mer waren am Endeffekt mol all eng kéier Kanner… Mais mer waren net nëmmen ,,e Kand…"

 

Wann ech moies frei fit a monter aus mengem Bett opstinn, den Hunn scho gesinn, an do stinn mat enger waarmen, Taass Kaffi, an déi éischt Schlupp vun der brennender Energie schlécken an den Moment geneißen… aaahhh… do gëtt mer waarm um d'Häerz. An dann… arennen ech mech, ween a wat ech sinn…

 

,,Schnell schnell!"

 

Meng Aarbechtskleeder, di prett sinn fir den Dag ze meeschteren, gutt fest Schung fir net ze rutschen oder op Lego Steng ze trëppelen,

 

Äppel, Biere leien an der Këscht, elo schnell d'Messer an Hand a schnick schnack, leit alles prett um Dësch

 

D'Waasser a Mëllech sti schonn do,

 

Elo nach d'Kanner un den Dësch ruffen, an hinnen e Sabbelduch undoen

 

"Früstück, Früstück, dee gëtt eis Kraaft,

 

Früstück, Früstück, elo si mer ganz brav"

 

An wei all Dag fält de Jugurt op de Bueden, an d'Pëppchen kuckt mech sou léif un a laacht dobäi

 

Aiaiaiaiai wat eng Sauerei

 

All moies dat selwecht, an awer ass et och rëm nei

 

Elo de Pupes nach ofbotzen, Uff de Gestank ass schwéier ze ignoréieren

 

D'Hännercher ginn ugedoe, Nues zou, a schnell Pämpers undoen

 

Wësst der schonn wou di Hänn all waren? 

 

Di Schnuddelen a Poubellë gebotzt hunn

 

Mais och di tréine gedrechend hunn

 

bei den Hausaufgabe gehollef hunn

 

a Gebëss ugehalen hunn

 

de Fillecher a Geschichten nogemaach

 

Et seet een net fir naicht dass dem Kanner hier Hänn di schnellst sinn

 

Muskele muss een och trainéieren, en 10kg Mënsch konstant ze droen an sech dobäi den Réck net ze briechen, ass heiansdo mei schwéier wei an den Gym ze goen

 

Elo loossen mer d'Pëppchen dat mann wat et wëll

 

Op hat d'Poppen oder d'Lokomotiven hellt?

 

Vielleicht en Buch ausléint?

 

Oder no der Mamma brëllt?

 

En Tour am Gaart wier och ganz flott,

 

Schlussendlech brauchen d'Kanner frësch Loft

 

Elo se nach gutt waarm apaken fir dass de Wand si net duerch bléist,

 

Oh mam firwat geet di Tirett dann elo net zou?

 

Schéin Hand an Hand an enger réi stoen

 

elo gläich kennen mer si lass loossen.

 

Aacht, néng, Zéng,  wou feelt de Rescht?

 

Wat ass wann e Kand elo fält, an ech hunn dat net gesin? 

 

Kéint ech dat verhënneren?

 

Du kanns kee Kand a Boullenpabéier awéckele wie di bei Amazon

 

Eng Wiss wiisst och net méi séier wann een drun Zitt, seet en Afrikanesch Spréchwuert.

 

An soubal d'Pëppchen ufänkt mat gaapsen

 

bereede mer him alles, fir sech an d'Wolleken ze schmäissen

 

An dir mengt dat wier eis Paus, Nee nee, elo ginn d'Aktivitéite preparéiert

 

Wie dir gesitt, ech setzen net nëmmen am Krees a sange fir, a Kanner sangen no.

 

Wann d'Kand sech ëmdréint a seet, ,,Kuck mol hei, kuck mol do" an di aner maachen him no,

 

an ech stelle mer dann d'fro, gesinn si Saachen di net do sinn, oder leißt mäi Kapp einfach no?

 

An da gëtt mäi sange mei haart, wéi och meng Stemm, wat eng plo

 

Firwat sollen si elo sange just well ech et well?

 

Elo kennen si dat Wuert nee a rësele mam Kapp

 

An da weess ech wat ech maache muss…

 

Ech arenneren mech u meng Fächer,

 

DEVEL; PSYCHO; METPR? MEPTRS?

 

Wat fir e Fach wenden ech do un?

 

Dat ass net net nëmmen Blank Theorie,

 

dat ass Entwécklungspsychologie!

 

Duerscht d'Erzeihunkswessenschaft, Gedanke wie Ressourcen,

 

Bedürfnisorientéiert, dat geet mer duerch de Kapp.

 

Sie droe mech, fir d'Entwécklung ze gesinn,

 

net nëmme vun 0 bis 10, Mais vun 0 bis 100

 

An domadder sinn net nëmmen di 100% gemengt di ech ginn

 

An da kuck hei, kuck do, an ech ginn mat.

 

Ech kucken no.

 

Ech kucken och a blann a glänzeg Aan,

 

Heiansdo souguer nëmmen an een Aan,

 

Rosen  an ongleeweg Aan, wie och verlueren Aan,

 

Ech gesinn dech. Ech lauschteren der no.

 

Sech selwer an den Hannergrond ze stellen, ass net ëmmer einfach

   

Mer sinn esou wie mer sinn, an hu vill Dieren, di op stinn.

 

,,Du bass Educateur, also kanns du jo nëmmen mat Kanner schaffen"

 

Ah nee! Et ginn esou vill Beräicher vun Norde bis Süden,

 

muss een sech just vum ënnerleche Kompass guidéiere loossen.

 

Den Erzéier kennt do keng Grenz, naicht schreckt heen of,

 

An wann ech un e Frënn denken, dee mer Trost a Freed well schenken,

 

vu fir bis hanne mech begleet, an meng Hand esou saft an douce upääkt

 

Op Kand, Jugendlechen oder Senior, den Erzéier begréisst se all ganz gear

 

Ech sinn net nëmmen en Erzéier, Mais ech sinn och e Gäertner

 

Ech well de Kanner, déi wéi Blumme si beim wueßen hëllefen a planzen

 

An se da wéi eng Sträns di prett do steet brengen zum glenzen

 

ech well si am Bësch begleeden, Bengelen a Steng schleefen

 

Märercher iwwert faarweg Beem erliewen

 

Ech sinn net nëmmen en Erzéier, Mais och eng Infirmière

 

ginn all zweet Woch mat eppes neiem krank a loossen de Bobo fort fléien

 

Ech well d'Kand op seng Rees an seng Erfarunge begleeden,

 

wann et net mei kraacht a pickt Mais och schneit

 

An dach ginn se esou schnell aal

 

Mais da sinn ech dobäi fir hier neit Rees

 

Et muss een do sinn,

 

et muss een se förderen an inspiréieren

 

se kulturell edukéieren

 

Et ass net nëmmen d'Kanner erzéien

 

An d'Jugend mat Verständnis opzéien

 

Mais och dat bescht a schéinst aus hinne rauszebréngen

 

Sou vill Potential an esou vill ze entdecken

 

Wie kann een do net wëllen matmaachen?

 

Mer kréien gesot, mer dierfen keng Feeler maachen,

 

an awer musse mer probéieren,

 

wie solle mer soss dorauser léieren?

 

Mer hunn och Angscht, genau esou wei d'Elteren

 

Di Verantwortung ze kréien an se net ze verléieren

 

Gleeft mer, nervös si mer och,

 

an oft wëssen mer net wat den Dag eis erwaart

 

Mais dat ass genau dat, wat et sou flott mécht

 

D'Kanner wëssen et och net, also fillen mer eis net méi alleng

 

An dofir, as et fir eis net ,,nëmmen e Kand"

 

Well fir all eenzelt Kand si mer eppes Eenzegaarteges an Onvergiessleches

 

 An duerch d'an vun de Kanner

 

Hunn mir all eng superpower.

 

"Ech kéint dat net… Jo… Dat hu mer am Ufank all gesot.

 

An trotzdeem sti mer hei,

 

Well mer wëlle weise wat mer kennen

 

An dat mat Gedold an Energie

 

Well deen ee bestëmmten Educateur,

 

dee vergiesst een ni!




Envoyé: 09:52 Thu, 7 March 2024 by : Radzina Aleksandra age : 22