Prix Laurence goes Europe
Wëllkomm bei der 7. Editioun vum Prix Laurence, dem Jugend-Literatur-Präis fir jonk Auteure vun 12 bis 26 Joer, organiséiert vun der Gemeng Beetebuerg.
Am Kader vun « Esch2022 » an dem LiteraTour-Festival invitéiert d’Gemeng Beetebuerg all jonk Auteure aus der Groussregioun, der Kultur-Partnerstad vun Esch2022, Kaunas (Litauen), an d’Partnerstied vun der Gemeng Beetebuerg, Valpaços (Portugal) a Flaibano (Italien) bei dëser europäescher Editioun matzemaachen.
D’Auteuren kënnen hier bis elo onverëffentlecht Texter a 7 Sproochen erareechen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch, Litauesch, Portugisesch an Italienesch.
No limits to your creativity
Sou wéi bei den viregte Editiounen ass all Thema wëllkomm, der Fantasie gi keng Grenze gesat an all Genre vu Literatur ass erwënscht : Prosa, Poesie, Theater, Lidder, Rap...
Participatioun bis den 31. Oktober 2021.