Contra Ana

D´Ana ass meng beschte Frëndin,

mir ginn duerch déck an dënn.

Hatt mëscht mir Komplimenter,

wéi et normal ass ënner Frënn.

 

Hatt steet mir zu all Zäit zur Säit,

ass ëmmer fir mech do.

Beim Owes- a beim Mëttesiessen

an och moies op der Wo.

 

Hatt pëspert mir zu all Moment

di schrecklechst Saachen zou:

„Hal op mat Friessen! Stopp mam Iessen!“

Ni hunn ech meng Rou.

 

Hatt well nëmmen dat Bescht fir mech,

ech weess dat ganz genee.

Am Spigel steet hatt niewent mir,

ech hunn d´Gewiicht fir zwee.

 

„Huel of, fett Schwäin! Kuck dech mol un.

Wéi kanns du mat dir liewen?

Gewinn dech mol un d´Faaschten,

well dovun wäerts du net stierwen.“

 

Méi Knachen, manner Muskelen

an virun allem manner Speck.

Den Honger deet mir net méi wéi.

Hunn ech schonn eng Tigh Gap?

 

Ech weess wat wierklech wichteg ass,

lo nenn mech net verblennt!

Ween schéin well sinn, muss leiden

ass d´Parole di all Mënsch kennt.

 

Hal op ze soen, ech wier krank,

en schéinen Kierper mëscht gesond!

Duerch deng schif Blécker an domm Sprëch

hunn ech eréischt bei d´Ana fonnt.

 

D´Ana ass meng beschte Frëndin,

mir ginn duerch déck an dënn.

Méi déck wéi dënn, dat weess ech lo,

well z´iessen ass eng Sënn.


 



news created by Melanie Loes: 03.05.2021