Prix Laurence - Bettembourg Prix Laurence 2020 - Luxembourg
 loading...

Prix Laurence 2020

Kintzinger Alexandre - 21. Joerhonnert: alles just Technik? Wou ass den Sënn?





Déi läscht aus enger aler Zäit, grouss gi nom Millenium. Eng "lost generation" ? – wei Gertrude Stein den Hemingway a Konsorten bezeechent huet.  Wat eng Umoossung dat ze behaapten!

Mir sinn Generatioun Facebook, Instagram a co – mir kommen bäi wäiten net un déi Generatioun erun, si woen séilesch Wracken, mee mir sinn ënnerlech guer näischt,

kee Verglach mat hinnen well ons deet näischt méi wéi,

fir iwwerhaapt ënnerlech kapott ze sinn brauch een mol eng Séil.

 

Dat ass den Ënnerscheed den et aus meescht, déi nei Zäit. Déi Sozial Medien, een neien Panopticon, mir sinn Gefaangenen a Wiechter an enger Persoun.  Homo homini lupus. Eng Zensur fir dem Mënsch seng Eenzegaartegkeet.

Ons Depressioun kennt net just duerch Ëmstänn déi ons ënnerlech bedrécken, si kennt och duerch Ëmstänn di eis vun baussen erdrécken, déi mer ons selwer op gezwongen hunn.

Ech sinn dat wat ech well vir gi ze sinn, net dat wat ech mer wënschen ze sinn.

 

Technik, ëmmer erëm bréng se neie Fortschrëtt fir Zukunft, mee keng nei Gedanken, déi Grenz ass areecht, alles wat een Mënsch sech virstellen konnt gouf schonn mol presentéiert,

alles iwwert wat hien nodenken kann, gouf schonn emol geduecht.

Eis Perséinlechkeeten woen alleguer schonn eng kéier do, goufen all schonn eng kéier gebuer an sinn och all schonn eng kéier gestuerwen.

 

Technik bréngt ons Neies, bréngt ons kënstlech Intelligenz, mer si bréngt ons keen neien Mënsch.

 Mir erfannen ons net méi nei, mir erfannen just ëmmer eng nei Kopie.

Dat ass den Kreeslaf, deen fir munch een en Däiwelskrees ass, Technik ännert just dat materiellt Ëmfeld, mee den Prozess dat ze sinn wat mer sinn sollen, ass déi nei Uerdnung, Geschicht ass dout mee awer och keen Ziel a Siicht.

 

Den neien Gëscht ass just do fir sech selwer ze erhalen, duerch den techneschen Fortschrëtt eiser Existenz nach een Sënn ze ginn, 

dofir hunn mer Gott ersat duerch eng Maschinn, mir kucken nach ëmmer zu den Stären, mee interesséieren eis net méi dofir wat mer gesinn.

 

Natur ass net méi Mam vun der Zäit, mir beweegen eis just nach mat Vollgas, et geet ëmmer weider no vir,

ech froen mech woe et dat alles Wäert, mir denken just nach mam Kapp a vergiessen dobäi d’Häerz. 

Wann alles Digital gëtt, wann eis Méiglechkeeten der ëmmer méi gi, wat definéiert dann nach mäin Wiesen?

Ons Angscht virun enger ongenotzter Existenz fesselt eisen Gëscht. A wien dauernd Angscht huet, ass ni wierklech fräi.

 

Mee firwat maachen ech all déi onnëtzt Iwwerleeungen hei, just fir mech selwer bëssen Intellektuell ze fillen, 

mee dat ass dat Tragikomesch un eiser Generatioun, ons Liewen op dëser Platz vu der Welt ass dach gutt a privilegéiert, 

ni ass ons bis elo wierklech vill Leed widderfuer an dach fillen sech eng Rei vun ons op éiweg verluer.

 




ageschéckt den: 16:24 Fri, 8 May 2020 vum: Kintzinger Alexandre

Zeréck

Matmaachen

Maach elo hei mat
beim PRIX LAURENCE 2020


De Concours ass eriwwer!
 

Mäin Text eraschécken


Recherche

Neiegkeeten

Wéi kann ech matmaachen?

 

 

Flyer 2019

 

Download Dépliant 2020

 

LiteraTour 2020

 

Litertour 2020

 

De Liesfestival LiteraTour invitéiert normalerweis am Abrëll all d’Frënn vum Buch op Beetebuerg. Dat ass dëst Joer net méiglech. Dowéinst kënnt de LiteraTour bei Iech heem – am Livestream iwwert de YouTube– a Facebookaccount vun der Gemeng an den Internetsite literatour.lu!


Coronavirus
Dee ganze Festival ass ofgesot!
Gëtt, wa méiglech, an den Hierscht 2020 verluecht.


De Lies-Festival fir Iech all!
BeeteBuerg - BicherBuerg.


8. Editioun vum LiteraTour a
6. Editioun vum Prix Laurence

Liesenswäert!
Déi 3 Anthologien vum Prix Laurence 2015/16, 2017 an 2018.
Dir kritt se am BicherKueb zu Beetebuerg.
 



Vum Juli un am BicherKueb zu Beetebuerg an och an Ärer Librairie:
D'Anthologie vum Prix Laurence 2019.
D'Finalisten a Laureaten kréien se heemgeschéckt!


www.literatour.lu

*  *  *

Kleng Lecture, déi Iech vläicht weiderbréngt:


SALLY ROONEY

-  Gespräche mit Freunden
Roman, Luchterhand, 2019


LEIF RANDT

-  Allegro Pastell
Roman, KiWi, 2020


OCEAN VUONG

-  Auf Erden sind wir kurz grandios
Roman, Hanser, 2019

-  Nachthimmel mit Austrittswunden
Gedichte, engl./dtsch., Hanser, 2020


ERNESTO CARDENAL (1925 - 2020)

-  Transitreisender
Gedichte, Peter Hammer Verlag, 2008


TOMAS ESPEDAL

-  Bergeners
Matthes & Seitz Berlin, 2018


ANOUK MAHR
mat 15 Joer
3. Präis beim Prix Laurence 2016


-  Lautlos
Roman, éditions guy binsfeld, 2019


POL SCHMOETTEN

-  Holland träumen
Lyrik, éditions guy binsfeld, 2019


JOSIANE WEBER

-  Marie Adelheid
Eine politische Biografie (1912 - 1919)
éditions guy binsfeld, 2019


GRAND TOUR
Reisen durch die junge Lyrik Europas

-  Hrsgb. F. Italiano, J. Wagner
Anthologie, Hanser, 2019


POESIE

-  Hrsgb. N. Gomringer, M. Beyer
Anthologie, Voland & Quist, 2018

GRACE PALEY

-  A Grace Paley Reader
Stories, essays, poetry

Farrar, Straus and Giroux, 2017

-  Manchmal kommen ...
Gedichte, Schöffling & Co, 2018

RON PADGETT

-  Die schönsten Streichhölzer der Welt
Englisch - Deutsch, mit den Gedichten
aus Jim Jarmuschs Film Paterson
Dieterich'sche Verlagsbuchhandlung, 2017

STEFFEN POPP (Hrsgb.)

-  Spitzen
Gedichte. Fanbook. Hall of Fame.
edition suhrkamp, 2018

SARAH KIRSCH

-  Sämtliche Gedichte
DVA, 2013

-  Gesammelte Prosa
DVA, 2006

-  Sarah Kirsch u. Christa Wolf
Wir haben uns wirklich an allerhand gewöhnt
Der Briefwechsel, Suhrkamp, 2019

GUNTRAM VESPER

-  Tieflandsbucht
Die Gedichte, Schöffling, 2018

ANTHOLOGIE BEAT ATTITUDE

-  Femmes poètes de la Beat Generation
éditions Bruno Doucey, 2018

TAHA MUHAMMAD ALI

-  An den Ufern der Dunkelheit
Gedichte aus Palästina
Fischer Taschenbuch, 2013


SERHIJ ZHADAN

-  Warum ich nicht im Netz bin
Gedichte und Prosa aus dem Krieg
Suhrkamp, 2016


HAIKU ANTHOLOGIE

-  Das Buch der klassischen Haiku
Hrsgb. Jan Ulenbrook
Reclam, 2018

 


Auteuren 2020

Archiv

Lescht Texter vum Concours

Über Suizid spricht man nicht

Erageschéckt: 23:21 Tue, 30 June 2020


Du lächelst, wirkst glücklich, sagst, dir geht es

méi liesen...

Wendys Abenteuer Band 1 Tantenalarm!

Erageschéckt: 22:49 Tue, 30 June 2020


"Nein", schrie Wendy und wachte auf...

méi liesen...

The people that carry hope

Erageschéckt: 22:14 Tue, 30 June 2020


The people that carry hope are not...

méi liesen...