Retour

Herman Yannick

Ouschteren

 

 

All Dag op en Neitst, keng Minutt huet een nach Rou

Vill héieren et schonn net méi, all déi Bommen

All déi Zaldoten, nëmmen fir ze stierwen mussten si an de Krich kommen.

An no an no falen ëmmer méi Säerg zou.

 

Eng Partie Leit kämpfen dogéint, si stinn op.

Voller Courage stelle si sech dem Krich

Während eng Granat hannert hinnen zischt.

Jidderen hofft, geet et da bal erëm biergop.

 

Mee mat der Zäit versti mär et all, do ass näischt méi iwwereg.

D’Welt ass bedeckt mat Äschen, komplett agedeckt a gro

Kuckt dach all op déi Flëss, déi Linnen aus Tréinen, all mat der nämlechter Fro

Wéini hält et op, wéini ass et eriwwer, an dat ganz ziddereg.

 

An wou d'Nuecht ufänkt, an den Een schon do uewen hänkt,

Do fënnt den Hues d'Dier an eng besser Welt, vu Freed fänkt en un ze sprangen -

Engt klengt Ee, verstoppt vun engem Engel, elo ass Zäit wou alles erëm frësch ufänkt.

Uewen um Kräiz vun der Äerd, Fridden solls du fannen.

 

An dësem Ee war eis Welt, fonnt vum Ouschterhues, wéi mär en haut nennen,

éiweg wäerte mär dankbar sinn.

 




Envoyé: 08:10 Sun, 27 March 2016 par: Herman Yannick