Prix Laurence - Bettembourg De Präis - Luxembourg
 loading...

De Präis

Häerzlech wëllkomm beim PRIX LAURENCE 2019!


Am Cader vun hirem Literatur-Festival LiteraTour invitéiert d'Gemeng Beetebuerg elo ganz häerzlech all Jonker tëscht 12 a 26 Joer bei där 5. Editioun vun hirem Jugend-Literatur-Präis PRIX LAURENCE (2 Alterskategorien: 12 bis 17 a 18 bis 26 Joer) matzemaachen.

Zéckt net, sprangt iwwert äre Schied a schéckt eis elo är nach net publizéiert Texter (Prosa, Poesie, Theater, Rap, Songs...) an där Sprooch wou dir wëllt eran - bis spéitstens den 18. Mäerz 2019.

Eng Jury iwwerliest se, déi et derwäert sinn, ginn online gesat, an déi beschten Auteuren kënnen hir Texter um LiteraTour 2019 (vum 22. Abrëll bis de 5. Mee zu Beetebuerg) am Café Littéraire (37, rte d'Esch, Beetebuerg) virdroen an domadder un der Finale vum Prix Laurence a Prix du Public deelhuelen!

Finale 12 - 17 Joer, mat de Live-Liesongen: samschdes, de 27. Abrëll 2019, vu 14.30 Auer un
Finale 18 - 26 Joer, mat de Live-Liesongen: sonndes, den 28. Abrëll 2019, vu 14.30 Auer un


All Finalist sti maximal 7 Minutte fir seng Live-Liesong zur Verfügung.

D'Texter vun de Finalisten a Laureaten ginn an enger Anthologie publizéiert, déi d'Gemeng Beetebuerg erausgëtt.

Fir all weider Froen si mir gär fir dech do :-)