Prix Laurence - Bettembourg Zweck a Sënn - Luxembourg
 loading...

Zweck a Sënn

De Prix Laurence


De Jugend-Literatur-Präis PRIX LAURENCE ass eng Initiative vun der Gemeng Beetebuerg (uganks och mat der MJC), deen am Cader vum Literatur-Festival LiteraTour organiséiert gëtt.

Säin Objectiv ass et fir alle jonken Auteuren tëscht 12 a 26 Joer iwwer d'ganzt Joer eng Plattform ze bidden, wou si sech an hirer ganzer Villsäitegkeet ausdrécke kënnen, fir der Literatur zu Lëtzebuerg an an der Grouss-Régioun eng Zukunft ze bidden. A wou fir déi zwou Alters-Kategorien all Kéiers op d'mannst 12 jonk Auteuren hir Texter bei der Finale fir de Prix Laurence virum Public a Jury live am Café Littéraire virdroen.

De Prix Laurence hat vun Ufank un e grousse Succès. 2018 ass déi 4. Editioun. An dono geet et och weider!