Prix Laurence - Bettembourg De Präis - Luxembourg
 loading...

De Präis

Häerzlech wëllkomm beim PRIX LAURENCE 2018!


Am Cader vun hirem Literatur-Festival LiteraTour invitéiert d'Gemeng Beetebuerg elo ganz häerzlech all Jonker tëscht 12 a 26 Joer bei där 4. Editioun vun hirem Jugend-Literatur-Präis PRIX LAURENCE (2 Alterskategorien: 12 bis 17 a 18 bis 26 Joer) matzemaachen.

Zéckt net, sprangt iwwert äre Schied a schéckt eis elo är Texter (Prosa, Poesie, Theater, Rap, Songs...) an där Sprooch wou dir wëllt eran - bis spéitstens de 16. Mäerz 2018.

Eng Jury iwwerliest se, déi et derwäert sinn, ginn online gesat, an di beschten Auteuren kënnen hir Texter um LiteraTour 2018 (vum 19. bis den 29. Abrëll zu Beetebuerg) am Café Littéraire (37, rte d'Esch, Beetebuerg) virdroen an domadder un der Finale vum Prix Laurence a Prix du Public deelhuelen!

Finale 12 - 17 Joer: samschdes, denn 21. Abrëll 2018, vu 14 Auer un
Finale 18 - 26 Joer: sonndes, den 22. Abrëll 2018, vu 14 Auer un


Fir all weider Froen si mir gär fir dech do.